Mat hirem Bléck, Humor a virun allem mat hirem Bläistëft iwwerwanne si Grenzen a briechen Tabuen.

An der Docu-Serie "Draw for Change" léiere mir 6 couragéiert Karikaturistinnen kennen – vun Ägypten iwwer Indien bis a Russland. Dës staark Frae wëllen hir Zeechnungen notzen, fir op Mëssstänn an hire Länner hinzeweisen.

Episod 1: Amany Al-Ali aus Syrien
Episod 2: Mar Maremoto aus Mexiko
Episod 3: Victoria Lomasko aus Russland
Episod 4: Rachita Taneja aus Indien
Episod 5: Doaa El-Adl aus Ägypten
Episod 6: Ann Telnaes aus den USA

Kuckt all d'Episoden elo op RTL Play.