Guns N' Roses kommen den 28. Juli 2025 op Lëtzebuerg

© AFP
Op engem Tour-Poster vu Live Nation war et schonn ze gesinn, dass Guns N' Roses 2025 nees op Europa-Tour ginn. Och am Grand-Duché ass een Tëschestopp ageplangt.
Dat gouf och elo offiziell vun den Organisateure vum Atelier confirméiert.
Welthits wéi "Welcome to the Jungle“ oder de Cover "Knockin’ On Heavens’s Door“ hunn d'US-Rock-Formatioun Guns N' Roses Enn den 80er Joren zu enger vun de gréisste Rockbands weltwäit gemaach. Ma och wann et 2024 säitens der Band net vill Neies gouf, dierft 2025 awer definitiv méi spannend fir d'Fans ginn.

© Live Nation
Och wann et bis elo net offiziell war, sinn awer schonn Datumer fir eng Europa-Tour nächst Joer zirkuléiert, méi genee am Summer. Do huet een dann och en Datum zu Lëtzebuerg entdeckt. Deen Datum wéi gesot elo och confirméiert, den 28. Juli 2025.
D'Tickete ginn e Freideg den 13. um 9 Auer an d'offiziell Vente, ma et kann ee sech och en Donneschdeg scho prett halen, dann ass och een exklusive Presale um Site vum Atelier.
