Wat huet de Mënsch mat der Dauf gemeinsam?
Eng Lëtzebuerger Déierefotografin raumt mam Virurteel op, wisou Dauwen an eiser Gesellschaft sou ee schlechte Ruff hunn.
Wann een zu Lëtzebuerg duerch d’Stad trëppelt, begéint ee se ganz dacks. Heiansdo am Grupp ma heiansdo och eleng: Dauwen. Et gi vill Mythen a Geschichte ronderëm déi gro Vigel, wéi zum Beispill datt se knaschteg sinn oder awer datt se fréier Bréiwer vun A op B geflunn hunn.
Mä wat huet et wierklech mat de Vigel op sech, déi sou oft mat schlechte Virurteeler konnotéiert sinn? Genee mat där Fro huet sech d’Luisa Maria Stagno op kënschtleresch Manéier auserneegesat.
D’Luisa Maria Stagno ass Déierefotografin. Si ass Spezialistin fir eis Hausdéieren, ma awer och fir wëll Déiere perfekt an Zeen ze setzen. D’Passioun fir Déieren ze fotograféieren, begleet si schonn zanter laangem. Zum engen, well si eng immens Sensibilitéit zu den Déieren empfënnt an zum Aneren, well si am Laf vun der Zäit eng bizar Ähnlechkeet festgestallt huet tëschent Déier a Mënsch.
An hirem fotografesche Projet “Coupable?” wëll si d’Bild vun der Dauf wuertwiertlech anescht beliichten. Si wëll d’Eleganz a virun allem d’Schéinheet vum Vugel nees an de Fokus stellen andeems si e fotografesch portraitéiert.
Zwee Joer laang huet d’Fotografin dokumentaresch Recherchë bedriwwen an huet d’Dauwen an hirem gewinnten Habitat, der Strooss, observéiert. D’Fotoen, déi doraus entstane sinn, erënnere staark u Studiofotografie, sinn awer all op der Strooss entstanen. D’Artistin, déi 2022 fir dëse Projet vum Centre National de l’Audiovisuel eng Bourse krut, zitt d’Inspiratioun fir hir Fotoen aus der Molerei, ma awer och aus der Biologie an der Natur.
Mat hirem Projet “Coupable?" kreéiert si en delikaten a faszinanten Dialog tëscht zäitgenëssescher Fotografie an Documentaire.
Am Kader vum Parcours "Novum Aspectum" kann ee sech am Jardin du Brahaus an der Cité de l’image zu Clierf, d’ Fotoe vum Luisa Maria Stagno ukucken. D’Expo leeft nach bis de 7. September 2025.