Wéi eng Roll spille Stied an hir Architektur beim Thema Sans-abrien?

© Fanny Allié
Leit ouni Dag iwwert dem Kapp ginn dacks aus eiser Gesellschaft ausgeschloss, se gi vergiess a stigmatiséiert. Dobäi ass et e Phenomen, wat weltwäit ëmmer méi zouhëlt a virun deem een d'Aen net méi zoumaache kann.
Wéi eng Roll Stied a méi spezifesch d'Architektur an all deem spille kënnen, a wat et u Léisunge gëtt, fir d'Leit vun der Strooss ze huelen, dat kann een den Ament an der Expo "Who's next" am Neimënster gesinn. Eng Zesummenaarbecht tëscht dem Architekturmusée vu München an Inter-Actions.
Et ass e Phenomen, dat et schonn zanter laangem a grousse Stied wéi San Francisco, Los Angeles, Sao Paulo oder Hongkong gëtt. Konkreet Beispiller weisen, wat ee ka maachen, fir d'Leit ze integréieren an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, vun der Strooss erofzekommen. Op Maquette gesäit een zum Beispill Wunnprojeten, déi et ginn, dorënner een zu Wien, deen et schonn zanter 10 Joer gëtt an och super funktionéiert. De Roger Faber vun Inter-Actions mat Explikatiounen:
"An d'Konzept ass, do sinn 50 Dräi-Persoune-Wunnengen an déi gi gemëscht beluecht. Also do ass ëmmer eng Persoun vun der Strooss dran an op d'mannst ee Student."
Et ginn ënnerschiddlech Projeten, net just Wunnprojeten, déi an der Ausstellung ze gesi sinn an un deenen ee sech inspiréiere kann a misst.
"Déi eenzel Solutiounen, heiansdo sinn déi net perfekt, mee et sinn Elementer dran, déi ee kéint benotzen an dann zesummendroen a kucken, ob een doraus eppes ka maachen, wat sënnvoll ass a wat fonctionéiert."
"Street Dreams are made of this" heescht de Lëtzebuerger Volet vun der Expo, deen an Zesummenaarbecht vun Inter-Actions mam Journalist Ricardo Rodriguez am Fotograf Marc Wilwert entstanen ass. Hinnen ass et drëms gaangen, no den Dreem vun de Leit ze froen, déi haut op der Strooss liewen. De Ricardo Rodriguez erkläert:
"Qu'est-ce qu'il rêvait quand il était enfant, et de les ramener aux endroits de ses rêves, les photographiés là, parler là avec eux. C’était en processus magnifique de faire cette découverte."

© Rui Henriques
Mir dreemen alleguer, ënnersträicht de Journalist.
"Et notre objectif, c'est vraiment d'humaniser ces gens, de dire: je suis là, je suis si humain comme toi, et avoir un petit peu l'impression que ça peut se passer à nous tous. La situation de devenir sans un toit, c'est quelque chose qui peut arriver à tout le monde. Et c'est des petits détails de la vie qui quelquefois nous font tomber."
D'Resultat si fënnef ganz emotional Profiller, jeeweils e kuerzen Text an d'Fotoen. Dat Ganzt wier just méiglech gewiescht doduercher, datt ee sech Zäit geholl huet, mat de Leit ze schwätzen, hiert Vertrauen ze gewannen. De Marc Wilwert:
"Et war scho fir si vläicht och net ëmmer einfach, iwwert esou en Dram ze schwätzen, dee se haten, respektiv nach hunn, wou awer iergendeppes forcement total ausser Bunn geroden ass an hirem Liewenslaf an deen Dram ass dann nach do. Jo, dat ass dat, wat mir wollte weisen. Och vläicht e bëssen Hoffnung dee Moment mat op de Wee ginn, vläicht de Message trotzdeem un den Dram gleewen, well ech mengen, wann ee vun Dreem schwätzt, ass och ëmmer den Aspekt vum 'weider dru gleewen'. Et ass vläicht elo einfach gesot, mee trotzdeem."
Deemno eng Expo, déi engersäits e ganz emotionale Volet huet an op der anerer en immens informativen an dofir och gutt matenee fusionéiert. Weider Detailer iwwer d'Ausstellung, déi een iwwregens och ka mat enger Visite guidée vun engem Streetworker kucke goen, an de ganze Kaderprogramm dozou, mat Konferenzen an Table-Rondë fannt Dir um Site vum Neimënster.