Den Jason Mraz kënnt zeréck op Lëtzebuerg

Et ass eng amerikanesch Singer/Songwriter Success-Story.
Am Kader vun der "Still Yours 2025 UK & EU TOUR" mécht den Jason Mraz de 27. September 2025 Statioun am Atelier.
Seng Karriär fänkt 2002 mam Album "Waiting For My Rocket To Come" an der Single "The Remedy (I Won't Worry)" un, déi et bis op d'Plaz 15 vun de Billboard Hot 100 packt.
Den 2. Album "Mr. A-Z" aus dem Joer 2005 verschaaft dem Jason Mraz da schonn déi éischt Placéierung an den Top 10 vun den amerikaneschen Album Charts.
De groussen Duerchbroch kënnt 2008 mat der Plack "We Sing. We Dance. We Steal Things." déi 4 Mol mat Platin ausgezeechent gouf, an op där d'Lidder "I'm Yours", "Make It Mine" a "Lucky (feat. Colbie Caillat)" sinn. Fir déi zwee lescht Lidder gouf et iwwerdeems och e Grammy.
Haut zielen am ganzen 8 Albumen zu senger Diskographie, dee Leschten ass am Juni 2023 erauskomm "Mystival Magical Rhythmical Radical Ride".
Op senger Tournée d'nächst Joer ass den Jason Mraz ënner anerem zu Madrid, Berlin, Paräis, London, Dublin an eben de 27. September 2025 och hei zu Lëtzebuerg ze gesinn.
De Concert ass am Atelier, et gëtt also e ganz intime Moment mam Amerikaner. De Virverkaf fänkt de 6. Dezember 2024 um 10:00 un.
Keng Loscht op de Presale ze waarden?🥳
🚀Da gewannt elo hei déi éischt 2 Tickete fir den Jason Mraz de 27. September 2025 am Atelier🚀
🍀Schéckt d'Stéchwuert "Jason Mraz" op de 62468 fir 50 Cents de Message🍀
De Gewënner gëtt e Freiden (06/12/2024) am Laf vum Dag gezunn.
