Kënnt Dir Iech nach erënneren wat 2021 an 2022 an der Lëtzebuerger Politik aktuell war? Mat deem neie Buch aus der Serie "Déck Frënn" hutt Dir elo d'Geleeënheet, déi zwee Joer nach eemol satiresch ze erliewen.

06/12/2024 Déck Frënn: Guerre et Plaie

"Déck Frënn" ass eng Bande Dessinée, déi hir Originnen am Neie Feierkrop hat. Wéi deen awer opgehalen huet, huet d'Lëtzebuerger Land gefrot, op de Jacques Drescher an de Skif net Loscht hätten, all Freideg eng Bande Dessinée am Land ze proposéieren. Dat hu si ugeholl, an ee Personnage erfonnt, mat dräi Käpp, deen d'Dräierkoalitioun duergestallt huet. An déi hu si da satiresch an hirer Aktualitéit begleet. An esou wéi all eenzel Geschicht ee satiresche Réckbléck, eng Karikatur op d'Aktualitéit vun där respektiver Woch ass, ass och den Titel satiresch gemengt.

Datt d'Geschichten an dësem Buch 2 bis 4 Joer al sinn, läit an der Natur vun der Saach. Fir ee Buch kënnen ze proposéieren dat ronn 100 Säiten huet, datt een als Lieser och eppes dovu huet, muss een ebe waarden, bis een d'Material vun 2 Joer zesummen huet. An datt een no esou laanger Zäit net méi all Detail am Kapp huet, ass och normal. Mä duerch "Guerre et Plaie", esou den Titel vun deem neie Buch, kritt ee villes nees an Erënnerung geruff.

D'Personnagen an dëser Bande Dessinée si Karikaturen. All Säit, all Geschicht wann een esou wëll huet 4 Biller. Meeschtens am schwaarz-wäiss gehalen, mat klenge Faarf-Akzenter. Ënnert anerem d'Faarwe vun de Parteie ginn esou benotzt, fir datt een déi och direkt op deen éischte Bléck situéiere kann. A jiddweree kritt es an dësem Buch. Virop natierlech d'Dräierkoalitioun, déi mëttlerweil jo Vergaangenheet ass. Mä och déi deemoleg Oppositiounsparteien ginn net verschount. Déi eng sinn dobäi méi dacks ze gesinn ewéi déi aner. An als Running Gag verstoppe sech d'Politiker vun all de Parteien och mol ënnert dem Kichendësch.

D'Buch "Guerre et Plaie" hält am Dezember 2022 ob, also virun 2 Joer. Et erkennt een awer schonn, wéi d'Parteie sech op de Walkampf preparéieren. Dee gëtt dann am nächste Buch thematiséiert, grad ewéi déi nei Regierung an d'Aktualitéit bei de Piraten. Wien net esou laang waarde wëll, "Déck Frënn" gëtt et all Woch am Lëtzebuerger Land. A gesammelt als Buch, mat de Geschichte vu Januar 2021 bis Dezember 2022 gëtt et "Déck Frënn" elo an all de Librairien oder direkt online beim Land fir 35 Euro ze kafen.