Vum 29. November bis den 1. Dezember konnt een an der Halle des Blancs-Manteaux alles ronderëm d’Konscht vun der Bande Dessinée bestaunen.

Quartier Marais, Paräis. Mir sti virun den Diere vun der Halle des Blancs-Manteaux. Hei gouf dëst Joer déi 14. Editioun vum Salon de la Bande Dessinée ofgehalen. Alles ëm a ronderëm d’BD konnt een hei wärend dräi Deeg op de Stänn vun de ronn 70 Exposanten an 150 Auteure bestaunen. Iwwert Joren huet sech d’Foire, déi 2011 entstanen ass, ëmmer weider entwéckelt.
 
Zanter 2015 invitéiert de Salon all Joers en anert Gaaschtland. Dat si mol europäesch Länner wéi Spuenien, Polen oder och d’Schwäiz, ma si haten awer och well Gaaschtlänner wéi Taiwan, Kanada oder Madagaskar. Dat ganzt ëmmer am Kader vun der Konscht, oder der Passioun vun der Bande Dessinée. Donieft gouf et och Atelieren, Masterklassen, Table Ronden an eng Präisiwwerreechung.
 
Dëst Joer stoung Lëtzebuerg am Fokus. Mat ganzer siwen Artisten an zwee Experten hunn si hire Stand op der Foire vertrueden. Ma och ronderëm dee konnt ee villes entdecken, wéi zum Beispill eng Expo.
 
D’Lydia Alegria, Presidentin vun de “Frënn vun der 9. Konscht” war houfreg op d’Wierker, déi d’Illustratoren, d’Auteuren an d’Zeenaristen zu Paräis gewisen hunn. “Et ass flott hei kënnen ze weisen, wat fir eng Varietéit eis Lëtzebuerger Artisten hunn. Op eisem Stand fënnt een BD’en, déi mir selwer editéiert hunn, dorënner och Saache vun eise méi jonken Artisten, ma awer och méi al Saachen aus den Archiven, déi och am Buch vun der Geschicht vun der BD zu Lëtzebuerg dra sinn.”

 
D’Buch “Histoire de la Bande Dessinée au Luxembourg” ass am Kader vum SoBD 2024 entstanen. D’Lydia Alegria, de Claude Kremer vum Lëtzebuerger Literaturarchiv an de Renaud Chavanne hunn dëst zesumme verfaasst.
 
Op der Foire ware vill Membere vun de “Frënn vun der 9. Konscht” vertrueden, ënner anerem de Marc Angel, d’Sabrina Kaufmann, d’Pascale Velleine, den Andy Genen, d’Marion Dengler oder de Lucien Czuga. “Déi 9. Konscht ass alles wat BD ass a mir probéieren als “Frënn vun der 9. Konscht” och zu Lëtzebuerg dës Konschtform méi visibel ze maachen an ze valoriséieren. Jorelaang ass dës Konscht net richteg unerkannt ginn an als “Schundliteratur” ofgestempelt ginn”, sou d’Lydia Alergria.
 
Mat sengem eenzegaartege Charme huet Paräis d’Kënschtler inspiréiert. Sief et um Wee vum Hotel bis an d’Halle des Blancs-Manteaux oder ee Besuch an engem Musée. Iwwerall konnten si Saachen entdecken déi hinnen nei Iddie ginn hu fir ze zeechnen.
 
Ee groussen Highlight um Stand war awer de Superjhemp. Hien ass déi Lëtzebuerger Kult-Ikon vun der Bande Dessinée an huet um SoBD eng Zort Comeback geféiert. De Lucien Czuga, de ”Papp” vum Superjhemp hat sech un d’Aufgab erugetraut, den éischten Album vum Superjhemp op Franséisch ze iwwersetzen. Ma et ass awer net einfach, eng Iwwersetzung vun engem Text ze maachen, den esou mat der Lëtzebuerger Kultur a virun allem mam Lëtzebuerger Vokabular verankert ass.

“Et war passionant, dës Iwwersetzung ze maachen, well ech hu jo missen eng BD, déi 1988 entstanen ass, an de Kontext vun 2024 setzen. Ech hu probéiert, d’Saachen esou ze adaptéieren, datt ee se och haut versteet. Ech maache jo gär Wuertspiller a Calembouren, wéi een op Franséisch seet, an et war wierklech e Pleséier fir mech, dësen Album ze realiséieren”, sou de Lucien Czuga.
 
“Superjhemp contre l’Exploseur” ass bis elo gutt ukomm bei de Leit, sief et zu Lëtzebuerg, wou een den Album schonn op de Walfer Bicherdeeg konnt kafen oder zu Paräis um SoBD.