D'Traditioun vum Bärbelendag lieft a soll weider bestoe bleiwen – och international
Dräi Länner – Éisträich, Polen an och Lëtzebuerg - hunn nämlech gemeinsam eng Kandidatur fir esou e Klassement gestallt.
Zu Lëtzebuerg als nationaalt Kulturierwen ugesinn ze ginn, ass jo schonn net schlecht - wann eng Traditioun awer op d’Lëscht vun der Unesco stoe kënnt, gehéiert se zur Elite vum Patrimoine immatériel ! Sou kéint et dem Bärbelendag goen.
Wat de Grand-Duché ugeet, ass ee Critère op alle Fall komplett erfëllt : dee vun der "geliefter" Traditioun.
Den Ex-Buergermeeschter John Lorent, President vum Comité Ste Barbe , ass um RD, all Joer de 4. Dezember, bei him doheem zu Téiteng fir en Namensdag, dee kee vun hinne vergësst. Hallwer 7 mat enger Portioun Houfert an der Täsch an eventuell enger Drëppchen am Kaffi, fir net kal ze ginn: wat Papp, Grousspapp oder Monni geschafft a geleescht hunn, kann haut kee méi nomaachen…déi lescht Minn ass scho laang zougespaar
D’Kanner kréien an der Schoul erzielt, wat war. Zum Beispill, datt der fréier verluer gi waren an no 5 Deeg aus enger Minn erëmfonnt goufen. Dat Ganzt hei hätten esouguer hir Kanner am Blutt.
Cortège, Gedenkzeremonie, Mass: Am Minett verschwënnt dës Traditioun esoubal nach net an datt eise Bärbelendag vun der Unesco unerkannt wäert ginn – dorunner zweiwelt hei och keen eenzegen!