Am Kader vun der Orange Week hu véier jonk Meedercher tëscht 14 a 16 Joer e Lidd geschriwwen.

Wärend der Orange Week ginn ëmmer méi an ëmmer méi ënnerschiddlech Initiative geholl a Projeten entsti fir op d'Gewalt géint Fraen opmierksam ze maachen. Esou och am Museksatelier am Centre Socio éducatif de l'Etat, kuerz CSEE.

Eng Partie Woche virum Optakt vun der Campagne gouf sech mat de Schüler d'Fro gestallt wéi een op eng kreativ Manéier d'Opmierksamkeet op esou e wichtegt Thema ka lenken. Mat de véier bedeelegte Meedercher ass d'Iddi du koum vun engem Lidd, Wärend zwou Woche gouf intensiv wärend dem Cours, mee och iwwert d'Schoulzäiten eraus, um Text geschriwwen an un der Musek gefeilt fir e staarke Message ze vermëttelen.Déi jonk Meedercher hunn sech mat engem wichtege gesellschaftlechen Text befaasst an sech musikalesch dozou ausgedréckt.  Dat ganzt mat der Hëllef an Ënnerstëtzung vun hirem musikalesche Betreier Christophe Birgen, ënnert anerem Museksproduzent, bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm "MKO".

D'Resultat ass e Lidd vun dräi Minutten, an deem ënnert anerem Referenzen op staark Frae wéi d'Aktivistin a Nobelpräisgewënnerin Malala Yousafzai, Simone Veil oder Rosa Parks gemaach ginn.

"Non à la violence"

D'Lidd an de Videoclip kann een iwwerdeems op dem Youtube-Kanal "Schoulwee" gesinn, dee mat der Ënnerstëtzung vun der Direktioun vum CSEE an d'Liewe geruff gouf. Eng Plattform déi vun de Jugendleche soll genotzt gi fir sech op eng kreativ Manéier kënnen auszedrécken. D'Zil vum Centre Socio éducatif de l'Etat ass et, d'Mineuren ze ënnerstëtzen an aner Perspektiven ze weisen.