Vu 37 Filmer, déi der agereecht gi waren, goufen um Enn 19 Projeten zeréckbehalen, déi finanziell wäerten ënnerstëtzt ginn, dorënner 8 Filmer vu Lëtzebuerger Realisateuren.

Dat huet de Comité de sélection ee Méindeg den Owend matgedeelt. Hëlt een alleguer d'Hëllefen zesummen, souwuel fir déi sougenannten Aide à l’écrituren, wéi och fir sämtlech Realisatiounen an de verschidde Kategorien, steiert de Filmfong Hëllefen an Héicht vun iwwer 11 Milliounen Euro bäi.

Déi gréissten Eenzelhëllef kritt de Long-métrage "E lëtzebuerger Mann" vum Myriam Muller, mat 2,5 Milliounen, op e Gesamtbudget vun eppes iwwer 3 Milliounen. Am September d'nächst Joer soll ugefaange gi mat dréinen. Ënnerstëtzung kritt och de Court-métrage "Men In Towels" vum Kiyan Agadjani.

Am Ganze ginn 8 Filmer vun Lëtzebuerger Realisateuren ënnerstëtzt, dovu 4 Live-Filmer, 3 Animatiounsfilmer an 1 Kuerzfilm.

De Comité de sélection kënnt all Joers véiermol zesummen, déi nächst Sessioun wäert dann am Februar2025 stattfannen.