Am Schëfflenger Konschthaus gëtt et am Moment eng Familljenaussellung vun engem Papp a sengem Jong ze kucken.

Am Kader vun dëser Expo mam Titel Echo hunn de Jean-Claude an de Gauthier Salvi sech zesummegeschloss vir zum Deel eegen an awer och Kollaboratiounswierker ze weisen, déi zwee verschidde Stiler an zwou Generatioune matenee verbanne sollen.
 
Wärend de Jean-Claude virun allem mat Uelegfaarwen an am Groussformat moolt, huet säi Jong, de Gauthier, de Siebdrock vir sech entdeckt a fokusséiert sech op schwaarz-wäiss Motiver. Et ass déi éischte Kéier, dass di zwee zesummen ausstellen. Dat verbannend Thema vun der Ausstellung si Këschten, e Motiv wat de Jean-Claude scho laang a senger Konscht begleet an elo duerch seng Kanner eng ganz nei Bedeitung krut. 
 
De Gauthier, deen de Wee zur Konscht duerch seng Eltere fonnt huet, spezialiséiert sech am Moment op schwaarz-wäisse Siebdrock, vir deen d’Iddi aus sengem Architekturstudium staamt. Ausserdeem féiert hien, zesumme mat sengem Brudder, eng erfollegräich Drockfirma, déi Siebdrock op Kleeder mécht, an aus där d’Motiver vir seng Konscht stamen. Vir d’Thema vun de Këschten opzegräifen, huet de Gauthier vir dës Ausstellung op Këschtenaartesch Forme geprint.
 
D’Kënschtler hunn och zwee Kollaboratiounsiwerker vir d’Ausstellung geschaaft, déi dem Papp seng Këschtemotiver an dem Jong seng schwaarz-wäiss Elementer matenee verschmëlze loossen. Och wann et net ëmmer einfach war zesummen ze schaffe, kéinte si et sech awer virstellen an Zukunft erëm esou ee Projet zesummen unzegoen.
 
D’Ausstellung Echo vum Jean-Claude a Gauthier Salvi kann ee vu Mëttwochs bis Freides a nach bis den 21. Dezember an d’Schëfflenger Konschthaus kucke goen.