Nach bis e Sonndeg kann een an den Théâtre National du Luxembourg d'Theaterstéck kucke goen. 

Dat Ganzt ass eng Produktioun vum Collectif Dadofonic, engem Inklusiounsatelier vun der Ligue HMC.

„2075: Eine Odyssee durch das Weltall“, esou den Titel vum Theaterstéck, spillt ronn 50 Joer an der Zukunft an erzielt d’Geschicht vu 6 ënnerschiddleche Leit, déi zesummen duerch de Weltraum reesen an op onbekannte Planéiten no Liewe sichen.

Wärend zwee Joer huet déi ganz Ekipp vum Collectif Dadofonic un hirem neien Theaterstéck, wat et och als Kannerbuch ze kafe gëtt, geschafft. An all Deel vum Prozess ware Leit mat enger Beanträchtegung bedeelegt, dat war dem Gilles Seyler, Theaterpedagog vum Dadofonic, besonnesch wichteg. Bei der Produktioun vum Theaterstéck war et och wichteg, aktuell Problemer, wéi d’Pandemie oder de Klimawandel unzeschwätzen an e Bewosstsi fir dës ze schafen.

Am Joer 2075, sou ass et am Theaterstéck de Fall, ass d’Äerd esou gutt wéi onbewunnbar ginn an dofir gi 6 ganz verschidde Leit op eng Weltraummissioun, bei där se ëmmer erëm op Problemer stoussen, déi zesumme musse geléist ginn. Dobäi ass all Personnage op seng Aart a Weis wichteg fir den Erfolleg vun der Missioun ze garantéieren.

De Collectif Dadofonicass ee vun iwwer 20 Inklusiounsateliere vun der Ligue HMC, dee Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung d’Méiglechkeet op Aarbecht bitt an dat a Form vun Theater.

Och wann d’Theaterstéck primär fir Kanner geduecht ass, gëtt awer e wichtege Message iwwermëttelt, deen esou wuel grouss wéi och kleng usprécht.

Bis de 15. Dezember kann een dat inklusiivt Theaterstéck „2075“ nach an den TNL kucke goen.