Theaterstéck "Utopia" - Schüler erzielen hire Wee op Lëtzebuerg
Solidaritéit an d’Iwwerwanne vu Grenze war d’Thema vun der Woch am Lënster Lycée an am Lycée Vauban.
An der International School vum Lënster Lycée hunn eng Rei Schüler aus den Accueil-Klassen en Theaterstéck zu dësem Thema op d’Bee gestallt.
Eng Stonn dauert d’Theaterstéck "Utopia", dat fir dës Opféierung ëmgeschriwwe gouf. Schüler mat verschiddenen Originnen hu sech zesumme virgeholl domadder géint Intoleranz an Haass virzegoen. Si erzielen hir perséinlech Geschichte wéi se op Lëtzebuerg komm sinn, sief et duerch Krich oder aner Ëmstänn.
Et war keen Theaterstéck, dat an d’Norm passt, mat op der Bün war de Lëtzebuerger Kënschtler Eric Mangen. Graffiti ze integréiere war eng bewosst Entscheedung.
Camille Raynaud, Franséischproff vun Accueil-Klassen: "C’était pour casser les normes. Le théâtre n’est pas juste un chose. C’est pas juste traditionnel, tel comme les classe d’accueil. Je ne suis pas dans un lycée normal, je suis avec des élèves avec un baggage culturel tel que Eric Mangen qui doit briser le théâtre avec le graffiti. C’était ca mon idée."
Bei dësem Projet huet d’International School mam Lycée Vauban zesummegeschafft. All Joer organiséiere si eng "Semaine de la solidarité", an där et ëm Sensibiliséierung an Eenheet geet. Och d’Schüler si fir dëse Projet passionéiert.
Claude Tayeb Kherbouche, Schüler am Lycée Vauban & Vice-President vum Conseil pour la Vie Lycéenne: "Ech fannen et ass schéin, dat zu Lëtzebuerg ze hunn, well mer sinn 170 Nationalitéiten am Land. Et ass also wierklech wichteg, doriwwer ze schwätzen, well mir sinn zwar e klengt Land, mee mir hu vill Diversitéit."

Fir d’Autorin vum Theaterstéck "Utopia" ass d’Opféierung déi richteg Interpretatioun.
"J’était très ému et j’ai beaucoup pleuré pendant la représentation parce que d’abord écouter leurs histoires, je suis extrèmement sensible à ces histoires des enfants. Bien sûr aussi aux hommes et aux femmes, mais quand ca touche les enfants, ca me touche encore beaucoup plus."
D’Theaterstéck ass e Ruff no Toleranz a Solidaritéit. D’Schüler wëllen en Enn vu Gewalt an Inegalitéiten. Et misst een hinne fir d’éischt nolauschteren, fir se ze verstoen. Si sinn dankbar fir d’Sécherheet, déi se zu Lëtzebuerg kréien, mee si vermëssen hir Heemescht.
De Profit vum Evenement gëtt ausserdeem komplett un d’Banque Alimentaire Luxembourg gespent.