Neien Accueils-Pavillon ageweit
400 Joer sinn d'Kasematten a se zéie bis haut Touristen awer och Residenten un.
Mam neie Pavillon kommen eng Rei Ännerungen.
D’Zil vum Pavillon ass et, d’Visitte méi komfortabel a modern ze gestalten. Soss war et just méiglech, Gruppe vu maximal 10 Leit mat Guide an d’Péitruss-Kasematten erof ze schécken. Déi Visitten huet een och am Viraus misste reservéieren.
Elo kann een eng Visitt onofhängeg an am eegenen Tempo maachen. E Guide ass och net méi obligatoresch.
Dës Ännerung kënnt der grousser Nofro entgéint, erkläert de Marc Angel, President vum Luxembourg City Tourist Office:
“Et ass eng enorm Nofro. An de Bock-Kasematten an an de Péitruss-Kasematten hate mer dëst Joer bal 200.000 Visiteuren. Am Bock, do ka jiddereen ouni Grupp eran, soulaang e seng Entrée bezilt. Hei war dat awer net, et huet ee sech missen umellen an en Ticket kafen. Vill Leit hunn dat schued fonnt a konnten net kommen. Elo si d'Péitruss-Kasematte méi zougänglech an dat ass wierklech e groussen Avantage.”
De Pavillon déngt awer net nëmme fir d'Vente vun de Billeten, mä och als neie Sécherheetsposten. De Benjamin Ballion, Sécherheets-Responabele beim LCTO:
"Maintenant, nous nous servons des douze téléphones de sécurité qui sont à l 'intérieur des casemates, avec un report direct à l 'agent qui est à l 'accueil derrière moi, et l 'agent qui fait les ventes de la journée est aussi en charge la sécurité du site et correspond aussi avec sa collègue ou son collègue qui est à l 'intérieur des casemates, qui est un agent déambulant, via les douze téléphones ou via des smartphones et la data du site en Wi -Fi"
Mat dem neie System kéint een d’Visitten op ongeféier 340 Leit pro Dag am Wanter an iwwer dat duebelt am Summer eropschrauwen.
Well d'Kasematten eng vun den Top-Attraktiounen am Land sinn, profitéiert den Tourismus generell vun dëse Changementer. Et wier e weidere Schrëtt fir den Tourismus an d’Kultur méi no beieneen ze bréngen, seet de Kulturminister Eric Thill.
Esou gëtt en Deel vum Lëtzebuerger Patrimoine dem Public méi zougänglech gemaach.