Prominent Perséinlechkeet gëtt vun hirer Heemechtsstad geéiert
E Freideg den Owend krut d'Désirée Nosbusch vun der Stad Esch de Mérite culturel.
Kannerstar, Radio- an Tëleesmoderatrice, Presentatrice, Schauspillerin, Produzentin a Realisatrice. D‘Lëscht vum professionelle Liewe vun der Désirée Nosbusch ass laang. D‘Karriär vun der gebierteger Escherin huet och scho fréi ugefaangen a bis haut huet si hire Bass nach net verluer. Dofir gouf si elo fir hiert Liewenswierk am Escher Theater geéiert. E Réckbléck op déi eenzegaarteg Karriär vum Multitalent.
Mérite culturel vun der Stad Esch fir d’Désirée Nosbusch
Vum Kannerstar zum Entertainment-Multitalent. Et ass wuel mat ee vun de gréissten Exporter, déi Lëtzebuerg op der grousser internationaler Bün erausbruecht huet. D’Désirée Nosbusch huet hir Karriär scho fréi ugefaangen. Wäit éier si mat 19 Joer sech europawäit en Numm konnt maache mat der Moderatioun vum Eurovision Songcontest, deen deemools 1984 hei zu Lëtzebuerg am groussen Theater war. Ugefaangen huet alles beim Radio a schonn do huet si sech d’Klensch an de Grapp gedréckt mat Gréisste wéi Frank Elstner. Duerno geet et weider mat sëllegen Tëleesformater a Rollen a Filmproduktiounen an Däitschland a Frankräich. Fir sech awer weiderzebilden, zitt et d’Multitalent an Amerika, méi genee op New York.
Duerno bleift si op der anerer Säit zu Los Angeles wunnen a gëtt Mamm vun zwee Kanner. Ma ni verléiert si hir Wuerzele mam Grand-Duché, kënnt ëmmer nees gären zréck a wunnt och hautdesdaags nees hei. Hir Passioun fir d'Schauspillerei huet awer scho vill méi frei ugefaangen. Nämlech am Escher Theater, wou hire Monni Direkter war a si ëmmer konnt d’Opféierungen nokucken an hëllefen, wou et gaangen ass. Et ass och de Quartier Brill zu Esch, dee si fir de Rescht vum Liewe markéiert huet, seet si bis haut. An elo krut si leschte Freideg de Mérite culturel vun der Stad Esch a genee deem Theater iwwerreecht. Eng riseg Éier fir eng emouvant Gewënnerin.
E ganz speziellen Owend, wou souwuel Famill, enk Frënn, ma och vill grouss Nimm aus der Lëtzebuerger Kulturwelt dobäi waren.