"Big Christmas Wind Orchestra & Choir"
Chrëschtlidder um Iechternacher Chrëschtmaart
Fir d'zweete Kéier gouf de "Big Christmas Wind Orchestra & Choir" organiséiert. Dës Iddi kënnt aus England, méi genee vu London.
Et ass dëst eng zesummegewierfelt Ekipp vu Musikanten, déi op Chrëschtmäert Lidder sangen. No Esch zejoert gouf dës Manifestatioun dëse Weekend um Iechternacher Chrëschtmaart organiséiert.
Ronn 60 Musikanten, Sänger a Sängerinnen hunn un dëser Aktioun, an d'Liewe geruff vum Jeff Hemmen, deelgeholl. Iwwer 100 verschidde Chrëschtlidder ware preparéiert. Zweemol eng Stonn gouf gespillt.
Am meeschte gelies