De 5. November gouf d’Lidderbuch vun der EU publizéiert. All Land ass vu 6 Lidder representéiert an och Lëtzebuerg huet dobäi matgemaach.

Bedeelegt um Projet waren den Institut Européen de Chant Choral (INECC) an d’Union Grand-Duc Adolphe (UGDA). Hir Aarbecht war et, de Projet public ze maachen, fir dass d’Bierger konnte Lidder wielen, déi an d’Buch sollte kommen. No der Ofstëmmung am Joer 2018 war d’Aufgab dunn, Nouten an Texter ze sichen.

Ee wichtege Punkt vum Lidderbuch ass d’géigesäitegt Kenneléieren.

"Ech sinn immens frou, dass mir elo esou eppes hunn," esou den Arend Herold, Direkter vun der INECC. "Well et weist, dass mir all probéieren, déi aner kennenzeléieren."

Fir d’Kenneléieren z'erméiglechen, ass all Lidd op der Originalsprooch dran, mat enger Iwwersetzung an e Englescht, wat ee sange kann. Fir Lëtzebuerg huet den Edward Seymour dës Iwwersetzung gemaach. Laut dem Robert Köller, President vun der UGDA, wieren déi awer gelongen:

"Ech muss soen, wann ech seng Iwwersetzunge kucken, en huet dat insgesamt ganz gutt gemaach. Dat si jo keng wuertwiertlech Iwwersetzungen. Et ass jo net drëms gaangen, fir eng wuertwiertlech Iwwersetzung vun den Texter ze maachen, mee dass et sech sange léisst. Op Englesch, op déi Melodien.
 
Sechs Kategorien

Fir dass d’Buch eenheetlech strukturéiert ass, an et Gemeinsamkeete ginn tëscht de Länner, goufe 6 Kategorien erausgewielt. D’Leit hunn dës Lëtzebuerger Lidder fir déi jeeweileg Kategorie gewielt:

Libeslidd : Hey du (1993) vum Romain Bernard / Cool Feet
Natur a Joreszäiten : D’Margréitchen (1883) vum Laurent Menager / Michel Lentz
Fräiheet a Fridden : De Feierwon (1859) vum Jean Antoine Zinnen / Michel Lentz
Vollekslidder an traditionell : Kättche, Kättche vum J. Eiffes / W. Goergen
Glawen : Ons Himmelsmamm / “O Mamm, léif Mamm…” vum P. Barthel / C. Müllendorff
Kannerlidd : Léiwe Kleeschen vum Madeline “Pëppy” Beicht / W. Goergen
 
D’Buch steet ënnert dem Motto "Eenegkeet duerch d’Villfältegkeet". D’Europäescht Parlament huet d’Buch mam European Citizen’s Prize 2023 ausgezeechent. De Kulturministère huet d’Iwwersetzunge vun deene sechs Lidder finanziell ënnerstëtzt.