Wéi kënnt d'Iddi fir ee Film? Wéi laang daueren d'Recherchen? Wéi vill Leit schaffen un enger Produktioun?

Froen, déi den Émile Schlesser an de Fabien Colas hire Gäscht am Podcast "M35 Elevator Pitch"stellen. Fir d’lescht zu Gaascht beim Émile Schlesser (Filmregisseur an Auteur) a Fabien Colas (Produzent a Realisateur) war de Filmregisseur Eric Lahmène, fir iwwert säi Film "Hors d’Haleine" ze schwätzen, deen den Ament nach am Kino leeft. Den éischten Episod vum Podcast ass zejoert um Festival zu Cannes entstanen. Ma zanterhier hunn den Émile an de Fabien méi wéi 20 Episoden opgeholl an diffuséiert.

Andy Bausch, Julie Kieffer, Loïc Tanson a weider bekannten a manner bekannten Nimm aus der Filmbranche kommen an dësem Podcast zu Wuert.

All d'Episode fannt Dir um RTL Play.