En Iwwerbléck iwwer déi flottst kulturell Aktivitéite fir wärend de Feierdeeg

Déi meeschte Leit verbréngen hir Feierdeeg warscheinlech doheem, bei der Famill oder mat Frënn. D'Virbereedungen op Chrëschtdag si vum Akafsstress geplot an et freet ee sech op Rou an Entspanung. Fir déi, déi d'Zäit op an tëschent de Feierdeeg allerdéngs kulturell gestalte wëllen, bidde sech zu Lëtzebuerg vill flott Aktivitéiten un.
Vu Konschtausstellungen a Concerten, bis hin zu Theater, gëtt et allerhand ze entdecken. Hei sinn e puer Suggestiounen, fir dës Iwwergangszäit ofwiesslungsräich ze gestalten.
Chrëschtmaart
Winterlights:
Och wann déi meeschte Chrëschtmäert kuerz virun oder direkt no de Feierdeeg hir Dieren zoumaachen, kann ee bis den 1. Januar awer nach all Dag an der Stad op d'Winterlights goen. Op der Plëss, der Paräisser Plaz, der Kinnekswiss a bei der Gëlle Fra kann ee verschidde Mäert besichen, eppes iessen an drénken, Schlittschong fueren oder Concerte lauschteren. Dat Ganzt an enger festlecher Stëmmung mat Aktivitéite fir Grouss a Kleng. Ausserdeem bitt de Winterkids um Knuedler verschidden Animatiounen an Ateliere speziell fir Kanner un.
Winterlights by Night
Zousätzlech bitt d'Stad Lëtzebuerg owes guidéiert Touren duerch d'Stad un, bei deenen een déi schéinsten Aussiichtspunkten an natierlech d’Wantermäert gewise kritt. D'Tour féiert iwwer d'Gare, laanscht de Liichtertunnel um Rousegäertchen an duerch den Zentrum, bis bei d’Kinnekswiss. Kanner ënner 4 Joer kënne gratis matgoen, soss leien d’Präisser tëschent 9€ an 18€. De leschten Tour gëtt de 27. Dezember ugebueden.
Kino
"Classics before Christmas" vun der Cinemathéik
D’Cinemathéik huet sech dëst Joer erëm e besonnesche Programm fir d’Feierdeeg ausgeduecht. Viru Chrëschtdag brénge se d'Leit mat de "Classics before Christmas" an déi richteg Stëmmung a weise Klassiker, wéi zum Beispill "It’s a Wonderful Life" (1946), oder "Echo" (2019). Vum 27. Dezember u kann ee sech dann op d’"Between Feierdeeg Screenings" freeën. Hei gi virun allem Filmer fir Kanner, wéi "Weihnachten der Tiere" (2024) oder "Le Royaume de Kensuke" (2023) gewisen, mee och "Poor Things" (2023) mam Emma Stone an "Emilia Pérez" (2024), en neie spuenesche Film.
Nei Filmer wärend de Feierdeeg
Et sinn dëst Joer och vill nei Filmer fir d'Feierdeeg an d'Kinoe komm. Esou kann een zum Beispill den neie "Wicked" mam Ariana Grande a Cynthia Erivo kucke goen. Dëst ass d’Filmadaptatioun vum Musical aus dem Joer 2003 a vum Gregory Maguire sengem Original a Buchform vun 1995. Ausserdeem kënnt de 25. Dezember eng nei Verfilmung vun "Nosferatu" an d’Kinoen, mam Lily-Rose Depp, Bill Skarsgård a Willem Dafoe an den Haaptrollen. D'Vampirfigur, déi fir d'éischte Kéier 1922 op der Leinwand ze gesi war, gëtt elo an engem Horrorfilm nei erzielt. Fir d’Kanner gëtt et och e Film ze entdecken an zwar "Nikos Reise zu den Polarlichtern", e Film iwwert e Rendéier, wat zesumme mam Kleeschen a sengem Schlitt duerch d’Welt reest.
Theater
Grand Théâtre de Luxembourg
Déi meeschten Theatere maache wärend de Feierdeeg Wanterpaus. Vum 27. Dezember bis de 5. Januar kann een allerdéngs "Le Petit Prince" vum Antoine de Sainte-Exupéry an de groussen Theater kucke goen. Mat enger zäitgenëssescher Adaptatioun gëtt dem Public hei e spektakulären Optrëtt gebueden, deen esouwuel Grouss, wéi och Kleng begeeschtert.
Musée
Villa Vauban
Hei gëtt et ëm d’Feierdeeg en extra Programm mam Titel "Villa Noël" ze entdecken. Verschidden Atelieren, Visitten an Aktivitéite fir Erwuessener a Kanner ronderëm d'Thema Chrëschtdag sinn eng flott Iddi fir d’Deeg tëschent dem Joreswiessel ze gestalten. Den 20. Dezember kann een zum Beispill e Punchneedle-Kuer besichen, bei deem ee sech selwer Chrëschtdagsdekoratioune bastele kann. Den 21. Dezember kann een alternativ an engem Stéckatelier mat Nol a Fuedem kreativ ginn. Och fir d’Kanner gi vill flott Atelieren ugebueden.
Lëtzebuerg City Museum
Och de Lëtzebuerg City Museum léist seng Dieren an der Chrëschtvakanz op an invitéiert d’Leit op hiert Winter Wonderland. Nieft den normale Visitten an Ausstellunge ginn et och hei Aktivitéite fir Grouss a Kleng, wéi zum Beispill Ateliere fir déi Erwuessen, an deenen ee sech Chrëschtdekoratiounen oder Bijoue fir d’Feierdeeg bastele kann. Fir d'Kanner ass ee besonneschen Highlight den Atelier "Enchanting Pebbles" de 26. Dezember, bei deem Kanner mat Acrylfaarwe Steng bemole kënnen.
Literatur
Bibliothèque Nationale du Luxembourg
Den 28. Dezember kënnen all Literatur- a Geschichtsfrënn eng guidéiert Tour op lëtzebuergesch duerch der Nationalbibliothéik hir Ausstellung "Kleriker, Kenner a Sammler" maachen. Dës Tour ass gratis a bitt en Abléck an d’Lëtzebuerger Bibliothéikslandschaft tëschent dem 16. an 19. Joerhonnert. Dobäi gëtt d’Geschicht vum Buch nei erzielt an dat unhand vu besonnesche Wierker aus der Nationalbibliothéik hirer Sammlung.
E puer Buchrecommandatiounen aus der Lëtzebuerger Literatur
Fir all déi, déi d’Feierdeeg léiwer doheem verbréngen, ginn et e puer Virschléi aus der lëtzebuergescher Literatur, déi net nëmme flott si fir selwer ze liesen, mee och fir ze verschenken. "Eis Groussmammen" ass e feministescht Buch vun der ASBL "Femmes Pionnières du Luxembourg", wat d’Geschichte vu 15 Fraen erzielt an dat aus der Siicht vun hiren Enkelinnen. Déi 25. Editioun vun der "Karikatour" ass eng Iddi fir all déi, déi Loscht hunn, op e Réckbléck vun alle Pannen a Gaffen, déi sech Politiker, Promien a Persounen aus der Ëffentlechkeet an de vergaangene Méint geleescht hunn. Wie gäre Fotografie a Literatur matenee verbënnt, kann d’Buch "Photo Stories" vum Maryse Hansen a Bob Gillen liesen. Op zwou verschidden Aart a Weisen – duerch eng Kamera an duerch de Liesbrëll – gëtt hei e Bléck op eis aktuell Welt geheit.
Concerten
Philharmonie
Wien es nach net genuch vu Chrëschtdagsmusek huet, kann den 21. Dezember an d’Philharmonie op e Chrëschtconcert goen. Opgefouert gi bekannte Chrëschtdagslidder, déi mat Sécherheet fir déi richteg Stëmmung suergen a jiddereen op déi kommend Feierdeeg virbereeden. De Concert dauert ronn 90 Minutten an d’Tickete fänke bei 10€ fir Jonker ënner 31 Joer un.
Escher Theater
Neijoerschdagsconcerten dierfen op de Feierdeeg natierlech och net feelen. Den 1. Januar lued de Gast Walzing, zesumme mam Orchestre national de Jazz Luxembourg an der Sängerin Paula Morelenbaum an den Escher Theater op e rhythmesche Bossa-Nova-Concert an. Och hei muss ee sech am viraus en Ticket besuergen an déi ginn et vu 4€ fir Kanner an 8€ fir Jugendlecher bis hin zu 16€ fir Erwuessener an der Kategorie 2.
Conservatoire Ville de Luxembourg
Och de Stater Conservatoire organiséiert seng Versioun vum Neijoerschconcert an dat de 5. Januar. Organiséiert vu Lions Amitié, Rotary Horizon, Soroptimist Luxembourg-Moselle an der Fondation Kiwanis mat Ënnerstëtzung vun der Stad gëtt et hei e klassesche Concert, vun deem den Erléis fir e gudden Zweck gespent gëtt. D’Präisser leien heifir tëschent 18 € an 30,25 €.
D’Feierdeeg sinn déi perfekte Geleeënheet, fir Zäit mat de Léifsten oder sech selwer ze verbréngen an dobäi d’Lëtzebuerger Kultur ze entdecken. Mat de sëllegen Aktivitéiten, déi zu Lëtzebuerg ugebuede ginn, kënnt Dir dës Zäit op eng beräicherend an ofwiesslungsräich Aart a Weis verbréngen. Egal ob Konscht, Musek oder Kino: et ass fir jiddereen eppes dobäi, fir d'Feierdeeg an de Start an dat neit Joer ze verbréngen.