An der Philharmonie goufen en Donneschdeg den Owend Musekspräisser verdeelt. 30 Museker a Bands waren an de siwe Kategorien nominéiert.

Am Ganze ginn et siwe Präiskategorie fir d'Musekspräisser. Dorënner dee vum "d'Nowuesstalent", dee mat 2.500 Euro belount gëtt. D'Präisser an de Kategorien "Hannert der Bün" an "Op der Bün" si jeeweils mat 3.500 Euro dotéiert. Och fir de Gewënner an der Kategorie "Fräizäitmusek" ginn et 2.500 Euro.

Déi wuel wichtegst Kategorie ass déi vum "Nationale Musekspräis". Hei gëtt eng Lëtzebuerger Perséinlechkeet mat engem Präis vun 10.000 Euro fir hir Karriär an hire nohaltegen Asaz an der Musekszeen geéiert.

D'Gewënner gi vun enger professioneller Jury gewielt.

D'Gewënner vum Musekspräis 2024

Kategorie "Nationale Musekspräis"

Camille Kerger

Kategorie "Nowuesstalent"

Daniel Migliosi

Kategorie "Op der Bün - musique amplifiées"

Francis of Delirium

Kategorie "Op der Bün - musique classique"

Francesco Tristano

Kategorie "Op der Bün - musique Jazz/Blues/World"

Pol Belardi

Kategorie "Hannert der Bün - arrière-scène"

Nina Schaeffer

Kategorie "Fräizäitmusek - Prix d'engagement exceptionnel non-professionnel"

Hunneg Strëpp