Zanter déi Responsabel virun e puer Méint beim CNA gekënnegt huet, geet d'Angscht ëm, datt d'Ausstellung Clierf verloosse kéint.

D'Fotoausstellung "The Family of Man" gehéiert zanter 1994 zu Clierf wéi d'Abtei oder d'Schlass. 2003 gouf d'Family of Man zudeem an d'UNESCO-Weltkulturierwen opgeholl. All Joer kommen Dausenden Touristen op Clierf, fir sech dem Edward Steichen säi Wierk unzekucken. Well d'Leit an der Reegel e puer Deeg am Eck bleiwen, profitéieren déi lokal Hoteller, Restauranten a Geschäfter vun der Ausstellung. Ma zanter déi Responsabel vun der Family of Man virun e puer Méint beim Centre national de l'audiovisuel gekënnegt huet, geet zu Clierf d'Angscht ëm, datt d'Ausstellung fortplënnere kéint.

Plënnert d'Family of Man vu Clierf op Diddeleng? (Reportage Marc Hoscheid)

An dat läit net dorunner, datt se zu Clierf esou eng lieweg Fantasie hunn, mee déi Leit, déi sech am Schlass ëm d'Ausstellung këmmeren, géinge ganz oppen doriwwer schwätzen, datt si fäerten, d'Ausstellung kéint fortplënneren. Dat virun allem, well déi viregt Responsabel Anke Reitz quasi déi ganzen Zäit zu Clierf present gewiescht wier. Bei der Sich no engem Successeur wier iwwerdeems kloer ginn, datt déi Persoun an éischter Linn um Siège vum Centre national de l'audiovisuel, kuerz CNA, zu Diddeleng schaffe soll. De Gilles Zeimet ass zanter September d'lescht Joer Direkter vum CNA. Hien ënnersträicht, datt d'Ängschte vu verschiddene Leit zu Clierf onberechtegt wieren. Nom Depart vun der Anke Reitz hätt ee sech awer generell nei wëllen opstellen.

"Do war et eis wichteg, datt de Site eben net vun eenzele Leit ofhänkt. A mir hunn eis Gedanke gemaach, wéi maache mer dat méi nohalteg a méi stabil? Nummer 1 ass, natierlech hu mer eng nei Persoun, déi sech ëm de Contenu vun der Ausstellung këmmert gesicht, déi Persoun hu mer fonnt. Parallel dozou gi mer awer elo hin a mir sichen ee Gestionnaire fir de Site, an dee wäert en Permanence do uewe sinn. Dat heescht, mir verstäerken u sech d'Ekipp do uewen a mir brénge méi Nohaltegkeet eran."

Och an Zukunft wäert sech eng Fra ëm d'Family of Man këmmeren, den Numm soll awer réischt Ufank d'nächst Joer offiziell bekannt gemaach ginn. Wat de Poste vum Gestionnaire ugeet, sou ass deen aktuell um Jobportal vun der Fonction publique ausgeschriwwen a soll bis zum Ufank vun der neier Saison den 1. Mäerz besat sinn. An Zukunft géing der Family of Man dann och, anescht wéi virdrun, dee ganzen Département public mat sengem Know-How zur Verfügung stoen. Wat ee geplangten Audio-Guide vu Kanner fir Kanner, dee vu Schüler aus der internationaler Primärschoul vu Reiler realiséiert gëtt, ugeet, soll och dee fir den 1 Mäerz fäerdeg sinn.

Am Schlass, dat dem Staat gehéiert, sinn nieft der Family of Man och nach ee Musée iwwert d'Ardennenoffensiv, ee Musée mat Maquette vu Lëtzebuerger Schlässer an ee groussen Deel vun de Gemengeservicer ënnerbruecht. D'Gemeng plangt allerdéngs, fir eng besser intern Kommunikatioun ze assuréieren, all d'Gemengebeamten, déi aktuell nach op e puer Sitten an der Fusiounsgemeng verdeelt schaffen, op enger eenzeger Plaz ze regruppéieren. Am Gespréich ass eng Annexe beim Bouviershaus beim Parking an der Entrée vun der Foussgängerzone. An deem Fall stellt sech d'Fro, wat mat deene Raimlechkeete geschitt, wou aktuell d'Gemeng dran ass? Et ass ze héieren, déi zwee méi kleng Muséeë géinge sech Suerge maachen, datt de CNA net nëmmen déi Raimlechkeeten, mee dat ganzt Schlass iwwerhuele wëllt. Dozou de Gilles Zeimet.

"Clierf, als Cité de l'image, ass virun allem och vun der Politik vum Ministère hier ee wichtegen Hub am Kontext vun der Dezentralisatioun vun der Kultur. An do gëtt et eng ganz Panoplie un Iwwerleeungen, wéi dee Site nach méi ka valoriséiert ginn. Dat ass awer nach net sprochräif a wäert dann en bonne et due forme le moment venu kommunizéiert ginn."

Wou déi méi kleng Muséeën ënnerkomme kéinten, ass net kloer. Datt d'Zukunft vun der Family of Man am Clierfer Schlass läit, ass et de Responsabelen no par Konter schonn. Bleift ofzewaarden, ob d'Diskussiounen an der Cité de l'image virugoe wäerten oder dee positive Message elo enfin bei de Mataarbechter ukomm ass.