Am Laf vun de Joren huet d'Technik am audiovisuelle Beräich ëmmer weider evaluéiert, wat och Repercussiounen op d'Aarbecht vum CNA hat an an Zukunft weider wäert hunn.

1989 gouf de Centre national de l'audiovisuel mam Jean Back als éischtem Direkter gegrënnt. Fir déi kulturell Offer ze dezentraliséieren, krut de CNA säi Siège zu Diddeleng. 2007 ass een an déi aktuell Raimlechkeeten Op der Schmelz geplënnert.

Grouss Erausfuerderungen a schlecht Stëmmung beim CNA (Reportage Marc Hoscheid)

Och wann de Centre national de l'audiovisuel eng Partie Servicer ubitt an zum Beispill Ausstellungen, Filmvirféierungen oder pedagogesch Formatiounen organiséiert, ass den Archivage vun Audio- a Bildmaterial awer d'Haaptaufgab vum CNA. Déi Aufgabe géing ëmmer méi komplex ginn, well ee sech net méi just op klassesch Filmer beschränke wäert, esou de CNA-Direkter Gilles Zeimet.

"Wann Der lo sot, augmented oder virtual reality, dacks XR genannt, oder Computerspiller, do ass den Archivage guer net evident. Virtual realitiy a Computerspiller gi ganz oft mat deene selwechten Toole gemaach. A fir dovunner de Source code ze kréien, dat ass scho mol net sou einfach. A wann der en dann hutt, dat dann och nach sécherzestellen, datt deen an 20, 25 Joer nach exploitabel ass, dat sinn Défien, déi sinn och am Internationalen nach net geléist."

Virun enger Partie Jore goufen dräi verschidden intern Archiven zu engem groussen zesummegeluecht. Aktuell ass et nach net méiglech, dëst vu baussen ze consultéieren. Dem CNA-Direkter Gilles Zeimet no géing dat esouwuel dorunner leien, datt een dacks ganz komplex Metadonnéeën hätt, den Datevolume extrem héich an de Copyright net ëmmer gekläert wier. Et wéilt een eng Plattform op d'Been setzen, déi esouwuel vu Laie wéi och vu Professionelle fir Recherche genotzt ka ginn. Bis déi Plattform operationell ass, dierft et awer nach eng Rëtsch Joren daueren. Ganz sou laang wéilt een awer net waarden.

"Fir do awer keen ze grousse Vide entstoen ze loossen, wäerte mer d'nächst Joer en Tëschenoutil lancéieren, CNA-Search. Wou een op engem schlichte funktionellen Interface mol ee groussen Deel vun de Metadonnéeë kann duerchsichen. Entweder sinn d'Saachen op der Public domaine oder mir hunn d'Rechter gekläert, fir datt een d'Dokumenter online ka kucken. Dofir musse mer jo net just eng intern Struktur vun Datebanke mussen opbauen, mee och eng, déi no baussen orientéiert ass."

Fir komplex Contenuen accessibel ze maachen, soll an Zukunft kënschtlech Intelligenz hëllefen. Ma et schaffen natierlech och eng Partie reell Mënsche beim CNA. Et sinn dat eng 60 Leit, déi d'Aarbecht vu ronn 50 vollen Tâche maachen. Hannert de Kulissen ass ze héieren, datt d'Stëmmung net déi beschte soll sinn. Dat wier schonn ënnert dem viregten Direkter Paul Lesch de Fall gewiescht an hätt sech och ënnert dem Gilles Zeimet net verännert. Eng Partie Leit solle rezent gekënnegt hunn, respektiv solle krankgeschriwwe sinn. Dozou seet de Gilles Zeimet dat heiten.

"Bei enger Ekipp vu 60 Leit gëtt et ëmmer Leit, déi decidéieren, sech an hirer Karriär nei ze orientéieren. Well ech awer en public net iwwert Personalfroen a besonnesch net iwwert Krankeschäiner prononcéieren, huelen ech mech selwer als Beispill. Ech war ganz zefridden am Nationalmusée, ech hat d'Chance, mäin eegene Service opzebauen. Mee och do hunn ech awer eng Kéier d'Gefill verspuert, ech hätt gären nach eng Kéier een neien Challenge an dat ass eppes, wat bei enger Ekipp vu 60 Leit absolut normal ass."

A sou wier een dann, och wann een dovunner ofhängeg wier, wéi vill Plazen ee vum Ministère accordéiert kritt, ëmmer op der Sich no qualifizéiertem Personal. Dëst Joer wier zum Beispill eng digital Archivistin rekrutéiert ginn, déi d'nächst Joer op hirem Posten ufänke wäert.