D’Buch "Eglises du Grand-Duché de Luxembourg" erzielt d’Geschicht vu 14 Kierchen
Vun de ronn 500 Kierchen an dorënner iwwer 250 protegéierten hei am Land, der e puer ervirzehiewen, ass sécher net einfach.
Den Historiker Alex Langini huet der 14 erausgesicht an hir Geschicht – souwuel vum reliéisen wéi vum konschthistoresch Aspekt, genee ënnert d’Lupp geholl a presentéiert se elo an engem Buch. 3 dovunner weise mer iech vun haut un a bis e Sonndeg den Owend, ugefaange mat der Jesuitte-Kapell um Belair.
Se steet op der 23, Gaston Diderich, an dem Historiker Langini no, och kloer fir eng Epoque: Déi vun der 30er, fir genee ze sinn gouf d’Kapell 1931 gebaut. Bannenan : bal ze plakeg, et schaalt am Raum, deem seng riicht Lignen dominéieren.
Mir sinn hei also an den 30er Joren, De Quartier huet deemools nach net Bel-Air, mee Nei-Märel geheescht an d’Kapell war bis an d’50er, de Sëtz vun der nei-gegrënnter Por Belair.
D’Jesuitte waren ugangs um Lampertsbierg, wollten do, wou elo d’Handwierkerschoul ass, eng Uni opriichten, wat déi deemoleg Regierung awer net gewollt hätt, erkläert den Historiker an Auteur vum Buch, Alex Langini.
Och esou Saache léiert een, wann ee sech fir d’Kierchen am Land intresséiert. Och dass d’Jesuitten mam Adel eng méi enk Relatioun haten an deels nach hunn, si waren Donateuren an d’Jesuitten hätten och an hire Familljen Leit rekrutéiert.
Mee zréck bei eis Bauhaus-Kapell mat hiren faarwegen a geometresche Fënsteren an den agemauerte Relief am selwechte sobere Stil, signéiert: Claus Cito. D’Muttergottes an hirem éischten, ganz breede Kleed.

© Monique Kater
Einfach ass se, d’Kapell vun de Jesuitten, vu bannen, mee op den éischte Bleck, och vu baussen éischter onopfälleg. Déi iwwer 250 Säite vum Buch "Eglises du Grand-Duché de Luxembourg" vum Historiker Alex Langini schafen do Remedur a ginn eng zweet Vue: déi hannert de Kulissen.