Nova Nye an der Luxexpo

Eng Silvester-Soirée fir d'Frënn vun der elektronescher Musek
Wéi kéint een dann an dat neit Joer erafeieren? NOVA NYE an der Luxexpo wier eng Méiglechkeet.
Sebastien Jacquet: "Ma et ass en neit Konzept, eng nei Soirée, déi mer do fir Silvester lancéiert hunn, Nova New Year Syve an der Lux Expo, wéi se et sees, eng Boiler Room inspiréiert Soirée. Dat heescht, den DJ ass u sech an der Mëtt vun de Leit. D' Leit huet d' Méiglechkeet op d' Bün ze goen, ronderëm den DJ ze stoen. Et ass eng Soirée mat elektronescher Musek, mat verschidden internationalen, wéi awer och nationalen DJen, wou mer vu Melodic House iwwer Techno eng laang Soirée hunn, wou d' Leit wierklech Vollgas kënnen an dat neit Joer feieren.
Am ganze sinn deen Owend 6 DJs am Asaz, 3 aus dem Grand-Duché, 3 aus dem Ausland, dorënner e villverspriechend Talent aus Éisträich, de Medun dee schonn de 6. Dezember op der Plëss am McDonalds opgeluecht huet.
Sebastien Jacquet: "E jonken DJ, obwuel en elo wierklech schonn etabléiert ass, hien huet och do am McDonald's jo säin, säin, jo ech géif soen, kommerziellen, melodeschen Haus gespillt, e bësse sou säi Charaktersound. Ganz, ganz flott, super Engagement mat der Crowd, en huet op deene gréisste Festivallen, op et Electric Love, World Club Dome, ass iwwerall scho gespillt an deene gréisste Clubben, e ganz erfahrenen DJ, trotz engem relativ jonken Alter, wou mer eis immens drop freeën, deen dann och dee wäert sinn, deen d' Leit da wierklech um 12. Auer an dat neit Joer feiere léisst an dat ass eise groussen Headliner, op dee mer eis immens freeën."
Ënnert den internationalen DJs ass och den N4C.
Mart van der Ent: "Jo, den N4Cer ass een, deen an Italien wierklech ëmmer méi e grouss Nimm huet, och an der Technozeen, awer och gären hausse emol e Kéier, ëmmer eng Kéier e Schrëtt eriwwer a méi Hausmusek mécht. Oder guer. An deen an Italien wierklech e mega coolt Konzept mat sengem Technobus op d' Been gestallt huet, fir esou d' Musek wierklech bei d' Leit ze bréngen an dass d' Leit net onbedéng dohinner musse goen. An dat war fir eis war dat och wierklech en No-brainer, fir deen en Nova ze hunn."
A fir den internationalen Deel komplett ze maachen, feelt nach de Kindermann.
Mart van der Ent: "Ma, de Kindermann ass en DJ aus Däitschland, deen, loosse mer emol esou soen, e bësse méi haart gären huet, mat haardem Techno, dat heescht, mir wollten och kucken, dass fir den Owend natierlech fir all Mënsch eppes dobäi ass, an ech menge mam Kindermann do ass wierklech de Moment fir alles erauszeloossen."
Op Lëtzebuerger Säit sinn et de Freezy.
Sebastien Jacquet: "Jo, Lëtzebuerger Artist, deen ech mengen hei an der Seen och schonn sech en Numm gemaach huet, jo, deen och wäert opleeë bei eis, och e Jonken, deen och bei verschiddene Gréissel och Festivallen hei zu Lëtzebuerg natierlech scho gespillt huet, wou mer eis drop freeën, an jo, hie wäert e bësse méi spéit am Owend a wierklech déi Leit, déi de laangen Otem hunn, déi een nach begleeden."
De Pinkspace.
Sebastien Jacquet: "Jo, Pink Space, och e Lëtzebuerger DJ a Produzent, deen och selwer och verschidde Lidder och schonn an de Vergaangenheet erausbruecht huet, wou mer och ganz freeën eis, jo, mat heen um Lineup ze hunn. Voilà, dat u sech steet enger super Soire do näischt méi am Wee."
An de Gewënner vun der DJ Competition zesumme mat RTL.
Sebastien Jacquet: "Heen oder hatt natierlech een DJ wéi all aneren, dat heescht, spillt op der Mainstage op der grousser Bün, genau wéi déi aner Headliner och, ass natierlech do och am Backstage mat deenen aneren Artisten an awer och natierlech mam Management an den Agenten encadréiert, hutt do u sech de Royal Treatment, sou mer mol, genau wéi all déi aner DJen och a freeën eis immens do och engem d' Chance ze ginn, do deen Event ze openen an do och de Leit eppes ze presentéieren, wat se villäit nach net héieren hunn."
Honger an Duuscht brauch Silvester natierlech och keen ze leiden.
Mart van der Ent: "Mir wäerten eng gutt gefëllt Bar hunn, awer och verschidde Foodtrucken, wou d' Leit sech eppes gutt z'iesse kënne kafen, wéi och nach eng speziell Jägermeisterbar, fir déi, déi dat gären hunn."
Wann Dir Iech elo op d'Sich no Tickete maacht fir NOVA NYE, braucht Dir net no VIP-Ticketen ze kucken. Där ginn et keng, well et brauch een och keng.
Sebastien Jacquet: "Et geet beim Nova dorëmmer déi Konnexioun tëschent dem Visiteur oder der Persoun, dem Dänzer an dem Artist wierklech esou no wéi méiglech ze halen, en intime Charakter, op deen ee sech u sech freeë kann. A fir alles Weideres, praktesch Informatiounen, Ticketen, einfach bei eis op Social Media, followen op @novaluxemburg."