Däitsch Actrice Hannelore Hoger am Alter vun 82 Joer gestuerwen

Wéi d'Bild-Zeitung mellt, wier d'Schauspillerin den 21. Dezember zu Hamburg gestuerwen.
Dat huet hire Manager Wolfgang Werner der Zeitung confirméiert. D'Hannelore Hoger war ënner anerem aus der ZDF-Serie "Bella Block" bekannt, bei där si d'Haaptroll vun 1994 bis 2018 gespillt huet. Bei hirem leschte Film "Zurück ins Meer" stoung si 2019 nach mat hirer Duechter Nina virun der Kamera.
D'Schauspillerei war déi grouss Leidenschaft vun der Hannelore Erika Hoger, déi den 20. August 1942* zu Hamburg gebuer gouf. Well net just virun der Kamera war si aktiv, mä och op der Theaterbün stoung si an huet hir Stëmm fir Hörbicher hierginn. Och huet si bei verschidden Theaterstécker Regie gefouert.
Virun der Kamera stoung si zanter 1968 fir déi verschiddenst Serien oder Filmer an huet dofir och bei eisen däitschen Noperen ëmmer nees divers Fernsee- a Filmpräisser gewonnen.
*Iwwert d'Gebuertsjoer vun der Hannelore Hoger gëtt et divers Interpretatiounen, well d'Actrice ni ganz genau Angabe zu hirem Gebuertsjoer gemaach huet.