Et gouf wuel en techneschen Defekt an engem Haus a Pennsylvania, an deem déi fréier Schauspillerin Dayle Haddon gewunnt huet.

D'Rettungsservicer ware wéinst enger méiglecher Kuelemonoxid-Fuite am Haus alarméiert ginn. Wéi se op der Plaz ukomm sinn, konnte se e 76 Joer ale Mann nach in extremis retten, ma fir déi 76 Joer al Dayle Haddon koum all Hëllef ze spéit.

Éischten Informatiounen no ass dat gëftegt Gas duerch en Defekt beim Heize fräigesat ginn, esou d'Police.

D'Dayle Haddon gouf am Kanada gebuer, gouf als Supermodel bekannt an huet doduerch de Wee op Hollywood fonnt. Si huet ënnert anerem am Woody Allen sengem Film "Bullets over Broadway" matgespillt, am "Madame Claude" vum Just Jacekin oder och nach am Actionfilm "Cyborg" vum Albert Pyun, fir just déi ze nennen.

RTL

Dayle Haddon am Film Cyborg vun 1989 / © Cannon Entertainment / Golan Glo / Collection ChristopheL via AFP

Als Model huet Si ënnert anerem fir L'Oréal geschafft.

No hirer aktiver Karriär huet d'Dayle Haddon sech als Botschafterin bei der Unicef engagéiert.

RTL

© Mike Coppola / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP