D’Marie-Claude Beaud, déi 8 Joer Directrice vum Mudam war, ass RTL-Informatiounen no zu Toulon am Alter vun 78 gestuerwen.

Dat friddlech am Krees vun hirer Famill.

Am Januar vum Joer 2000 gouf si vun der Fondation Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean gefrot, d'Directrice vum MUDAM ze ginn. Mat hirem Reseau an Engagement konnt de Musée am Juli 2006 seng Dieren opmaachen. Bis Enn 2008 war si Direktesch do, ier si am Abrëll dee selwechte Posten am Nouveau musée national de Monaco iwwerholl huet. Dat bis 2021.

RTL

© VALERY HACHE / AFP

Fir hir Merittë krut si am Januar 2012 en Uerde vum Kommandeur vum Ordre grand-ducal de la couronne de chêne.

D'Marie-Claude Beaud war am Februar 1946 zu Besançon a Frankräich op d'Welt komm.

Aus dem RTL-Archiv een Interview vum 20. Dezember 2008: