Mat "Kabarä KI(elen)" nees op der Bün

© asbl "Op Schéimerech"
No enger Paus klëmmt d'asbl "Op Schéimerech" dës Kéier op d'Cabaretsbün, dat mat engem neie Programm.
Opgefouert gëtt d'Stéck "Kabarä KI(elen)" (Regie, Texter & Musek: Christiane Kremer, Romain Kockelmann, Paul Pepin) am Festsall zu Ollem, dat de 15., 17, 18., 23., 24. a 25. Januar 2025um 19:30 Auer an nach eemol den 19. Januar 2025Nomëttes um 17 Auer.
Ausser fir d'Virstellung vum 17. Januar, ginn et nach fir all Dag Ticketen. Reservéiere kann een déi tëscht 19 an 21 Auer um 661166660 oder online op www.opscheimerech.lu.
Weider Detailer iwwert d'Stéck selwert
"Fréier war alles ... anescht. Geet dat vu fréier haut nach?
Wéi schreift een haut? Op der Hand oder mat KI?
Wéi spillt een haut? Op der Bün oder Online?
Wéi schwätzt een haut? Duerch d’Blumm oder nëmme Fake?
Ze soen gëtt et ëmmer eppes ... Dat war fréier an dat ass HAUT!“
Et spillen: Joël Blei, Charlotte Demuth, René Engel, Danielle Hartert-Theis, Lorie Hartert, Louis Hartert, Marie-Louise Jerusalem, Lynn Kraus, Pir Krier, Jemp Mallinger, Lisi Recht, Raoul Wagner, Nadine Weiler, Stéphanie Welbes.
Regie, Texter & Musek: Christiane Kremer, Romain Kockelmann, Paul Pepin