D'Stater Cinemathéik huet zanter hirer Grënnung 1977 den Erhalt an d'Wäertschätzung vum internationale Film-Ierwen zum Zil, ma se leescht awer och e Bäitrag zum zäitgenëssesche Film.

2023 gouf deen historesche Kino, deen zugläich e Filmmusée ass, vun der europäescher Filmakademie zum "Schatz vun der europäescher Filmkultur" ernannt. An eppes méi wéi engem Joer gëtt se renovéiert a vergréissert. Viraussiichtlech Ugangs 2026 wäerten d’Renovatiouns- an Ausbauaarbechte vun der Cinemathéik ufänken. Am Respekt vum historesche Charme vun de Gebailechkeete wäerten déi bestoend Infrastrukture moderniséiert ginn, fir d’Accessibilitéit ze verbesseren an deenen aktuellen Normen ze entspriechen. Donieft soll een zweete Kinossall gebaut ginn, fir dass een dem wuessende Public méi gerecht ka ginn. Den Esprit vum ale Sall géif awer zu 100 % bleiwen, sou den Direkter. Hei bestinn d’Aarbechten haaptsächlech aus der Optimiséierung vun den techneschen Installatiounen.

E weideren Ënnerscheed soll ee Gastronomieberäich maachen. De Chantier soll bis Februar 2029 daueren. D’Cinemathéik stellt hire Betrib wärend dëser Zäit awer net an, ma d’Filmer wäerten duerch Kooperatiounen op anere Plaze gewise ginn.