Véier Fraen, véier Männer, aacht musikalesch Horizonter

RESET 2025 / © Neimënster
Experimentéieren, improviséieren, sech erneieren - Aacht Museker a Musekerinne suerge fir spannend musikalesch Entdeckungen.
Vum 19. bis de 26. Januar deele sech dës aacht Jazz-Museker aus ganz Europa eng Kënschtler-Residenz am Häerz vum Neimënster:
- Franzi Aller (Däitschland) – Bass
- Jorik Bergman (Holland) – Flütt
- Nicolas Kummert (Belsch) – Saxophon
- Paul Wiltgen (Lëtzebuerg) – Batterie
- Édouard Ferlet (Frankräich) – Piano
- Elian Zeitel (Schwäiz) – Stëmm
- Emil Miszk (Polen) – Trompett
- Oddrun Lilja Jonsdottir (Norwegen) – Gittar
Domat kommen aacht Artisten, déi virdrun nach ni matenee geschafft hunn, beieneen, fir zesummen eppes ganz Neies ze schafen.
All Joers gëtt déi instrumental Besetzung beim Jazz-Festival "RESET" vum Pascale Schumacher nei gemëscht. De Lëtzebuerger Komponist a Vibrofonist huet schonn zanter der 1. Editioun déi kënschtleresch Leedung vum Festival, léisst de Museker a Musekerinnen awer all Fräiraum, dee si brauchen, fir sech kënne musikalesch auszetoben.
Fir d’éischt treffe sech d’Museker a léieren, sech an hir Instrumenter kennen, da gëtt experimentéiert an u gemeinsame Performance geschafft. Schlussendlech lueden dräi musikalesch Owenter de Public dozou an, déi aacht Talenter ze entdecken. Dat op dräi verschiddene Plazen an op dräi verschidde Manéieren.
Deen éischten Owend, den 23. Januar, steet den Jazz Crawl um Programm. Am Duo oder am Trio verwandelen d’Museker fir d’éischt de Sall Edmond Dune am Neimënster (19h30), eng Stonn duerno de Lëtzebuerg City Museum (20h30) an zur gudder Lescht d'Bar “Mirador” (21h30) an en ephemèren Jazz Club.
Den zweeten Owend, de 24. Januar, presentéieren déi aacht Kënschtler an der Brasserie Abtei noeneen hire ganz perséinlechen Universum an hir Virtuositéit am Solo.
De 25. Januar feiert de Festival dann den Highlight vu senger aahter. Editioun: den Ofschlossconcert am Neimënster, fir deen déi 8 “Resetter” zesummen op der Bün stinn an dem Public d’Friichte vun där gemeinsamer Residenz presentéiere wäerten.
Weider Detailer an Ticketen fir de "RESET" Festival fannt Dir hei.