D'Theaterstéck beschäftegt sech mat der Fro, wéi Fraefuttballveräiner entstane sinn.

Och wann déi weiblech Spiller ëmmer nach mat Virurteeler a Stereotyppen ze kämpfen hunn, hu se op den Terrainen an an de Stadie vun dëser Welt längst bewisen, dass de Fussball keng reng Männerdomaine méi ass.

Ma wéi genee si Fraefuttballveräiner entstanen? Mat där Geschicht beschäftegt sech den Text "Ladies Football Club" vum italieeneschen Auteur Stefano Massini. Adaptéiert an inzeenéiert vun der Lëtzebuerger Regisseurin Christine Muller hat d’Stéck den 8. Januar seng Première am Théâtre du Centaure gefeiert. 
 
1914, wéi d’Männer an den 1. Weltkrich agezu goufen, hunn an England ronn 900.000 Fraen Aarbechtsplazen a Wafffabrike ugetrueden. "Ladies Football Club" erzielt d’Geschicht vun 11 vun dëse Fraen, déi zur Oflenkung vun där geféierlecher an haarder Aarbecht ugefaangen hunn, mat engem Ball ze spillen. Fir genee ze sinn, mam Prototyp vun enger Bomm.

Et war den Ufank vun enger Erfollegsgeschicht, déi vu Solidaritéit an Emanzipatioun gepräägt ass, a genee dësen Aspekt huet d’Regisseurin Christine Muller un dësem Stéck besonnesch interesséiert.
 
D’Schauspillerin Eugenie Anselin steet an dësem Stéck zwar eleng op der Bün, ma si gëtt hei ganz ville Fraen eng Stëmm. Engersäits gëtt déi méi privat Geschicht vun deenen 11 brittesche Futtballspillerinnen vun deemools erzielt, anerersäits ass de Message vum Stéck universell an huet och an eiser haiteger Gesellschaft eng grouss Resonanz. 
 
Mat "Ladies Football Club" wëll d’Christine Muller al Klischeeën a Virurteeler aus dem Wee raumen a weisen, dass et näischt Erstaunleches ass, dass Fraen am Futtball genee sou gutt kënne si wéi Männer.

D’Inzenéierung baséiert net just op der Virlag vum Stefano Massini sengem Text, ma och op Interviewen, déi d’Regisseurin mat Fussballspillerinne vun all Alter gefouert hat.
 
Bis de 19. Januar gëtt "Ladies Football Club" am Théâtre du Centaure gespillt. De 23. a 24. Januar ass d’Stéck dann am CAPE zu Ettelbréck ze gesinn.
 
Weider Infoen an Ticketen fënnt een op www.theatrecentaure.lu