Am Alter vun 82 Joer
Den italieenesche Star-Fotograf Oliviero Toscani ass gestuerwen

Den Olivero Toscani am Joer 2019 / © MIGUEL MEDINA AFP
Den italieenesche Fotograf Oliviero Toscani ass dout.
Hien ass am Alter vun 82 Joer zu Cecina an Italien gestuerwen. Hie war ënner anerem vun 1983 bis 2000 bei der Kleedermark Benetton fir d'Foto-Campagne responsabel. An dëser Funktioun huet hien dës Ëftere fir Kontroverse gesuergt.
No enger Campagne, fir déi hie Prisonéier fotograféiert huet, déi an den USA zum Doud verurteelt goufen, huet hie Benetton am Joer 2000 verlooss. Vun 2017 bis 2020 huet hien dann nees Campagne fir d'Mark gemaach.
Am meeschte gelies