Bassist Petz Schaack gestuerwen

© Image Facebook / Petz Schaack
An der Lëtzebuerger Musekszeen gëtt et en Dënschdeg eng traureg Nouvelle: De Museker Petz Schaack ass dout.
De Petz Schaack war ënnert anerem Bassist bei der Lëtzebuerger Band "Casus Belli" an huet och soss bei ville Lëtzebuerger Bands wéi Moof emol matgemëscht. De Museker, deen ëmmer iwwerall eng Hand mat ugepak huet, wéi den Alex Heyar hie beschreift, huet ënnert anerem och d'Plattform "MM8", haut als Multimediart.lu bekannt, mat opgebaut an och beim Sang a Klang matgewierkt. Donieft hat hien zesumme mam Dan Kries an dem Vitor Santos d'Emissioun "Drëtt Ouer" beim Diddelenger Radio.
Vill kennen de Petz Schaack awer och als "Obelux", dee bei Mëttelalterfester mat sengem Keltebéier Cervoise ënnerwee war a fir gutt Stëmmung gesuergt huet. Doriwwer eraus huet hien och bei den zwee Filmer "Little Duke" an "Trouble No More" vum Andy Bausch matgespillt.