D'Lena Junker huet als Produktiounscoordinatrice un Netflix-Serië matgewierkt

© Lena Junker
Am Sonndesinterview vun dëser Woch huele mir Iech mat hannert d'Kulisse vun der Filmwelt.
Déi 33 Joer al Lëtzebuergerin Lena Junker lieft zu Köln a schafft do an der däitscher Film- a Serienindustrie. Als Produktiounscoordinatrice a virdrun als Produktiounsassistentin huet si ënner anerem un der Realisatioun vu bekannten Netflix-Serien ewéi "How to sell Drugs online fast" an der präisgekréinter Mini-Serie "Liebes Kind" matgeschafft. Ech hu mat hir doriwwer geschwat, wéi si bei de Film komm ass, wéi d'Aarbecht an der Produktioun ausgesäit a wat hir Ziler fir d'Zukunft sinn.
E Medium, bei deem vill interessant Konschtformen zesummekommen
Dass si beim Film wéilt schaffen, war fir d'Lëtzebuergerin relativ fréi am Liewe kloer:
"Dass ech bei de Film goe wollt, dat wosst ech relativ fréi, also sou an der Teenagerzäit, wou ee sech nach eng Kéier e bësse méi mat anere Filmer auserneegesat huet, wéi elo just esou Kannerfilmer, an do hunn ech dann deemools - also ech war op der Sektioun E, an do hunn ech dann deemools decidéiert, dass ech gäre Film maache géif, well do fir mech einfach ganz vill interessant Konschtformen zesummekommen."
Deementspriechend huet si decidéiert, zu Köln Film ze studéieren.
D'politesch a finanziell Dynamike vun der Filmwelt
An d'Produktioun wier si awer éischter eragerutscht. Studéiert huet si nämlech Regie an Dréibuch. Hiert laangfristeg Zil ass et nämlech, am kreative Volet vum Film ze schaffen. Ma et hätt sech erausgestallt, dass een net esou einfach vun haut op muer géif Regisseurin ginn. D’Decisioun doriwwer, wien eng Regie kritt, géif nämlech mat enger ganzer Rei u finanziellen a politeschen Dynamiken zesummenhänken. Dat, well bei der Produktioun vu Filmer a Serië quasi ëmmer ëm Milliounenzomme geet:
"Déi Gelder kommen ëmmer aus oder zu 90 Prozent aus ëffentleche Gelder. Dat si jo alles Steiergelder. Dat heescht eigentlech ass déi film-politesch Bubble och enk verknüpft mat där tatsächlech politescher Gegeebenheet an deem Land selwer. Et hänkt vill domadder of: 'Wie sëtzt an deene Gremien, déi iwwert déi Gelder entscheeden?' Et geet vill drëms: 'Wien ass déi Persoun hanner Projeten? Ass et eng Produktiounsfirma, déi Gelder ufreet, déi scho mega vill Präisser gewonnen huet a mega vill Projeten op hirer Vita huet, oder ass et eng nei Firma, déi vläicht nach net esou vill virzeweisen huet?'"
Dës finanziell Contrainten hätten dann och en Afloss op d'Decisioun, wéi eng Persoun d'Regie vun engem Projet kritt. Och wann déi Persoun de kënschtleresche Lead vum Projet huet, géif dat net bedeiten, dass si finanziell maache kéint, wat si wéilt. Et misst een drop vertrauen, dass déi Persoun responsabel mat de Suen ëmgeet an do géif sech d'Fro stellen, wou dat Vertraue soll hierkommen:
Dat alles wiere Facteuren, déi en Afloss op de Choix vun enger Regisseurin oder engem Regisseur kéinten hunn.
D'Entscheedung, an d'Produktioun ze goen, hätt d'Lena Junker aus verschiddene Grënn geholl. Engersäits wollt si wëssen, wat et bedeit, e Film ze maachen, also wat um Schafe vun engem Film alles drun hänkt. Anerersäits wier et och e Fakt, dass et an der Produktioun méi Aarbechtsplaze ginn, ewéi an der Regie. Pro Projet gëtt et eben eng Regisseurin. Déi aner Plaze wieren e bësse méi dacks vertrueden. Ma d'Aarbecht an der Produktioun géif enorm vill Spaass maachen, dat virun allem wéinst dem detailléierten Abléck, deen een an de Prozess vum Filmmaache kréich.
Vun der Stagiaire iwwer d'Assistentin zur Coordinatrice
Fir an d'Filmbranche eranzekommen, géifen et vill verschidde Weeër ginn. Do géif et kee "Richteg" oder "Falsch" ginn. Sou divers a verschidden d'Leit wieren, déi beim Film schaffen, wieren och d'Geschichten doriwwer, wéi se dohikomm sinn. Bei der Lëtzebuergerin huet en obligatoresch Stage vun engem hallwe Joer, dee si wärend hirem Studium huet misse maachen, d'Dier bei de Film opgemaach. Bei der Wiel vun der Stageplaz hätt si zimmlech fräie Choix gehat. D'Decisioun, bei eng Produktiounsfirma ze goen, hätt si getraff, well si sech dovun de gréisstméiglechen Abléck hannert d'Kulisse vun der Filmwelt versprach huet.
Hire Stage huet si schliisslech bei der Firma "Heimatfilm" gemaach. Nom Ofschloss vun hirem Studium huet si dunn zwee Joer bei "Heimatfilm" geschafft, éier si schliisslech decidéiert huet, d'Freelancerin ze ginn. Ugefaangen huet si als Produktiounsassistentin, antëscht ass si Produktiounscoordinatrice.

Der Lena Junker hire Büro zu Köln / © Lena Junker
Fir ze verstoen, wat si an hirem Job mécht, misst ee sech der Lena Junker no bewosst sinn, dass d'Produktioun bei engem Film aus ganz ville verschiddenen Departementer besteet. Do wier engersäits de Produktiounsdepartement u sech, ma och d'Comptabilitéit an de Management vun den Dréiplaze géingen ënner anerem dozou gehéieren. All Departement hätt säi Chef, de sougenannten "Head of Department". Als "Head of Department" huet d'Lena mëttlerweil Verantwortung iwwert en Team, dat hir zouschafft. Si këmmere sech am Wesentlechen ëm organisatoresch Saachen, déi beim Dréie vun engem Film ufalen, spréch: Plaze fir ze dréien organiséieren, déi entspriechend Autorisatiounen anhuelen, kucken, dass Schauspiller ënnerbruecht ginn, an dass se mat Zäiten um Dréi sinn a sou weider.
En typesche Schaffdag géif et beim Film net ginn, zumindest net an der Produktioun. Dat, well eigentlech permanent géife Saache passéieren, déi een net konnt virausgesinn:
"Bei eis ass ëmmer esou, et start ee vläicht mat enger To-do-Lëscht an déi kanns de meeschtens no 20 Minutten an d'Poubelle geheien, well et geschitt ëmmer eppes, wat s de net kanns virausgesinn. An dowéinst si mir als Produktiounsdepartement ënner anerem och do a mir sinn och sou e bësse sou Katastrophen- a Problemmanagement, well bei eis kommen d'Problemer fir d'éischt un. Ass e Schauspiller krank? Ass ieren een net ukomm? Ass d'Technik futti? Huet eis eng Location ofgesot? Steet d'Location ënner Waasser vläicht och? Also d'Problemer kënne vu bis sinn."
D'Aarbecht an der Filmproduktioun dierft ee sech iwwerdeems net wéi de klasseschen 9 to 5 Job virstellen. Geschafft gëtt dann, wann ee fir e Projet engagéiert gëtt. Ob een als Freelancer e Projet fënnt, hänkt vu ville Facteuren of:
En Aarbechtsdag geet an der Reegel zéng Stonnen, kann awer och zwielef Stonnen daueren. Wärend engem Projet wier een als Produktiounscoordinatrice bei Noutfäll awer am Prinzip ronderëm d'Auer erreechbar. Eng Aarbecht beim Film bedeit och, dass ee wärend Méint um Stéck quasi duerchschafft. Dorënner kéint d'Privatliewen och leiden. Wann ee kee Projet huet, huet een dann awer och Mol zwee bis véier Méint um Stéck fräi. Ma och dat wier en zweeschneidegt Schwäert.
Den Ëmgang mat Schauspiller ka Mol komplizéiert sinn
Wann een un engem Projet schafft erlieft een dann och Geschichten, iwwert déi een nodréiglech kéint laachen. Ma de Moment selwer wier een dann awer dach éischter genervt. Et géif zum Beispill Mol passéieren, dass e Schauspiller Probleemer géif gesinn, wou et keng géif ginn. Dass dat Mol virkënnt, hätt och domat ze dinn, dass d'Leit déi beim Film schaffen am Wesentlechen d'Aarbecht hätten, eng Illusioun ze erschafen. Wärend engem Projet géif ee sech quasi permanent an dëser Illusioun beweegen, wat sech bei verschiddene Leit op hir Perceptioun vun der Welt géing auswierken:
"Heiansdo kënnt et vir, dass Mënschen aus der Filmwelt sech e bëssen an deenen Illusioune verléieren an heiansdo e bëssen de Bezuch zu der Realitéit verléieren an deementspriechend Problemer, vläicht och wann een se vun Bausse betracht, net wierklech richteg Problemer sinn."
Zu der Lena Junker hirem Job géing et dann och gehéieren, ze tranchéieren, wat e richteger Probleem wier, a wat an d'Kategorie "Kuck, dass de eens gëss" géing falen.
Eng Affär, un déi d'Lëtzebuergerin sech nach gutt kéint erënneren, war déi vun engem Schauspiller, deen onbedéngt mam Auto wollt op en Dréi gefuer kommen, amplaz mam Zuch. Ma et wier awer guer net esou einfach gewiescht, en Auto ze organiséieren, mat deem den Här averstane war:
"Et war wierklech keen Auto gutt, a mir schwätze wierklech iwwer gutt Autoen, also wierklech héichmotoriséiert Autoen, awer se haten alleguerten net genuch PS. Se waren net séier genuch, se waren net schéi genuch. An iergendwann eng Kéier ass meng Assistentin an eng Garage gefuer, also eng Déifgarage vum Hotel, wou e war, an hatt hat véier Autoen dohinner organiséiert, wierklech véier Autoen. An hatt stoung do a sot: 'Hei sich der wannechgelift een aus. Sich der een Auto aus, et ass egal.' Hatt war um Verzweiwelen an och do war natierlech keen Auto... wéi en et hätt... jo, e wollt einfach keen Auto. Et war ni ee gutt genuch."
Um Enn sollt de Mann dann awer net mam Auto fueren:
Matwierken un Netflix-Serien a Pläng fir d'berufflech Zukunft
D'Aarbecht beim Film géif awer virun allem vill Spaass maachen. Ee Projet, deen der Lena Junker besonnesch positiv an Erënnerung bliwwen ass, ass déi däitsch Netflix-Serie "Liebes Kind". Et war deen éischte Projet, bei deem si als Produktiounscoordinatrice geschafft huet. Den Drock wier dann och deementspriechend héich gewiescht:
"Dat ass definitiv dee rezentste Projet, deen definitiv am bekanntsten ass an och vun Kritik wéi Publikum enorm gutt opgeholl ginn ass an dat war och definitiv e Projet, um deen ech mega gär geschafft hunn. Dat war déi éischt Kéier, dass ech Coordinatrice gemaach hunn. Dat heescht, meng Suergen, mäi Stress a meng Ängschten am Ufank waren natierlech entspriechend héich, well ech dat nach ni gemaach hunn. An dann direkt mat sou engem ambitionéierte Projet eragestart sinn."
Déi haart Aarbecht sollt sech awer am Fall vu "Liebes Kind" besonnesch lounen. D'Serie gouf zejoert mat engem "International Emmy" fir déi bescht Mini-Serie ausgezeechent. Och wann d'Lena Junker sech selwer ni als Emmy-Präisdréierin géif bezeechnen seet si awer, dass si frou doriwwer ass, un engem Projet, dee mat dësem Präis ausgezeechent gouf, matgeschafft ze hunn.
E weidere Liiblingsprojet vun der Lëtzebuergerin ass dann d'Science-Fiction-Serie "Cassandra", déi ugangs Februar op Netflix erauskënnt. Och hei hätt hat mat enger gudder Ekipp kéinten zesummeschaffen. D'Aarbecht un der Serie hätt vill Spaass gemaach, ma et wier och eng intensiv Zäit gewiescht:
Der Lena Junker hir laangfristeg Zil ass et dann, Autorin a Regisseurin ze ginn. Nieft hirer Aarbecht als Produktiounscoordinatrice schreift si a versicht, eege Projeten op d'Been ze stellen. Do wier de Fait, dass een am Film alt Mol e puer Méint um Stéck net "schafft" ganz praktesch.
Hir Zäit an der Produktioun wéilt si trotzdeem nimools mëssen, well et eng extreem wäertvoll Schoul wier, fir ze verstoen, wéi Filmer a Serien gemaach ginn a wéi eng politesch a finanziell Dynamiken an der Industrie am Hannergrond spillen.