MemoShoah organiséiert den Holocaust Remembrance Day 2025

Den 22., 23. a 24. Januar organiséiert MemoShoah verschidden Evenementer, fir der Liberatioun vun Auschwitz ze gedenken.
Ugefaange mat engem Concert vun der Arméismusek am Mierscher Theater den 22. Januar um 19h30. Fir hei dobäi ze sinn, kann ee sech um Site vum Mierscher Theater umellen.
Den Dag dono ass dann am Cercle Cité eng Konferenz mat enger Debatt, déi sech mam Thema "Devoir de mémoire" beschäftegt. Et gëtt d'Fro opgegraff, datt Gedenken un dat, wat geschitt ass, essentiel am Kampf géint de Rietsextremismus an den Antisemitismus ass.
Den Ofschloss ass da freides de 24. Januar, mat enger Visitt, déi op der Stater Gare lassgeet, vum "Parcours mémoriel de la Shoah" an der Stad fir Lycéesschüler. Dono ass eng Gedenkfeier fir d'Affer beim Monument Kaddish um Boulevard Roosevelt an ganz zum Schluss gëtt et en Treffe vun de Schüler mam Simon Gronowski am Casino an der Stad.