Wéi den Ensemble matdeelt, soll de Lëtzebuerger 2025 de "kënschtleresche Gesamtprofil" vun der Institutioun weiderentwéckelen.

De renomméierte Solistenensemble interpretéiert virun allem modern Musek an huet zanter 1985 säi Sëtz zu Freiburg im Breisgau am Süde vun Däitschland. Elo soll de Lëtzebuerger Komponist Nik Bohnenberger d'Geschécker vum Ensemble als neien Artistic Manager mat prägen.

Hie remplacéiert de Paul Clift, dee bis de Summer 2024 an där Funktioun war, a wäert vun dësem Joer u fir d'kënschtleresch Ausriichtung vum Ensemble, genee wéi fir d'Plange vum Programm an nei Formater zoustänneg sinn.

Den Nik Bohnenberger, deen 1994 zu Lëtzebuerg gebuer gouf, huet seng musikalesch Ausbildung am Lëtzebuerger Conservatoire ugefaangen, ier hie fir ee Museksstudium op Berlin gaangen ass. Als Komponist war den Nik Bohnenberger ënnert anerem scho beim Orchestre Philharmonique du Luxembourg, dem Brandenburgischen Staatsorchester Frankfurt-Oder an dem Staatstheater Kassel aktiv.

Iwwert seng nei Tâche seet de Bohnenberger: "Recherche huet 2019 een neie Wee ageschloen, deen ech gäre weider verfollegen a schäerfe wëll: d'Expertis notzen, déi den Ensemble iwwer d'Joren opgebaut huet, fir an en oppenen Dialog mat der zäitgenëssescher Musekszeen a soziokulturellen Entwécklungen ze trieden, an dobäi deen een oder anere richtungsweisenden Akzent ze setzen."