D'Finaliste vum LEAP 2025 sti fest

De Jury huet sech fir de Mike Bourscheid, d’Rozafa Elshan, d’Jil Lahr an d’Lynn Scheidweiler decidéiert.
Déi véier Finaliste vun der fënnefter Editioun vum LEAP Präis sinn: de Mike Bourscheid, d’Rozafa Elshan, d’Jil Lahr an d’Lynn Scheidweiler.
Hir Kandidature goufe vun engem Jury aus Experten am Beräich vun der zäitgenëssescher Konscht zeréckbehalen. Dëse setzt sech zesummen aus der Marie de Gaulejac (artistesch Direktesch vun der visueller Konscht am Centre d'arts contemporains “3 bis f”, Aix-en-Provence), der Antje Weitzel (kënschtleresch Leedung vum Künstlerhaus Bethanien, Berlin), dem Gilles Weidig (Lëtzebuerger Konschtsammler), dem Pierre-Olivier Rollin (Direkter vum BPS22 - Musée d'art de la Province de Hainaut, Charleroi) an dem Christian Mosar (Direkter vun der Konschthal Esch a vum Bridderhaus).
Tëscht dem 29. Mäerz an dem 27. Abrëll weisen déi véier Kënschtler hir Wierker an enger kollektiver Ausstellung an der Escher Konschthal. Wien de Gewënner oder d’Gewënnerin vum LEAP-Präis 2025 gëtt, dat verréit de Jury den 28. Mäerz am Kader vum Vernissage.
De But vum Luxembourg Encouregement for Artists Prize – kuerz LEAP – ass et, Artisten, déi eng innovativ Demarche an der zäitgenëssescher Konscht hunn, an der Entwécklung vun hirer professioneller Karriär ze ënnerstëtzen a se dauerhaft an der zäitgenëssescher Konschtzeen ze etabléieren.
Eng Haaptviraussetzung fir sech ze bewerben, ass et, e Lien zu Lëtzebuerg noweisen ze kënnen.
Deen éischte LEAP-Präis goung 2016 un d’Sophie Jung. 2018 gouf d'Laurianne Bixhain ausgezeechent, 2020 d'Hisae Ikenaga an 2022 d’Stefania Crișan.
Dëst Joer gëtt de Präis vun der Konschthal Esch am Partenariat mat RTL verginn. De LEAP ass mat 12.500 Euro dotéiert.
Mike Bourscheid
De Mike Bourscheid lieft a schafft zu Lëtzebuerg an zu Bréissel. Seng Praxis, déi sech aus Skulptur a Performance zesummesetzt, erfuerscht säi lëtzebuergescht Ierwen, genee wéi d'Absurditéite vu männleche Stereotyppen a patriarchalescher Muecht. 2017 hat de Mike Bourscheid Lëtzebuerg bei der 57. Biennale zu Venedeg vertrueden.
Rozafa Elshan
D'Rozafa Elshan, 1994 zu Lëtzebuerg gebuer, erfuerscht mëttels der Fotografie d'Relatioun tëscht Kierper, Raum an Zäit. Donieft schafft si mat Zeechnungen, Skulpturen an Installatiounen, fir beweeglech Formen ze materialiséieren.
Jil Lahr
D'Jil Lahr lieft a schafft zu Hamburg. Mat Alldagsgéigestänn, wéi Verpackungen, Kuriositéiten a Souveniren, kreéiert déi Lëtzebuerger Kënschtlerin interdisziplinär Wierker, déi Molerei, Skulptur an Installatioun matenee verbannen.
Lynn Scheidweiler
An der Lynn Scheidweiler hirer Praxis vermësche sech duerstellend a visuell Konscht mat engem staarke sozialen a partizipatoreschen Engagement. Mat Skulpturen an Installatioune, déi duerch d'Participatioun vum Betruechter aktivéiert ginn, wëll si weisen, dass Konscht e liewegen an interaktive Prozess ass.