E Samschdeg, de 25. Januar, invitéiert de Centre culturel “opderschmelz” vun 10 Auer un op de Kanner- a Jugendbicherdag.

Am Kader vun där mëttlerweil scho 16. Editioun vun der Foire, erwaarden dee jonke Public zu Diddeleng méi wéi 30 national an international Auteuren an Editeuren:

Andy Genen & John Rech | Angie Schneider | Atelier Kannerbuch | Bibliothèque Régionale de Dudelange | Cíntia Ertel | D'Frënn vun der 9. Konscht | Dany Gales | Diddeleng Hëlleft | Editions Guy Binsfeld | Editions Kremart | Editions op der Lay | Editions Schortgen | Editions Zoom | EducDesign & Hörgeschädigt asbl | Fédération Générale des Instituteurs Luxembourgeois | Isabel Wey | Jacky Jack | Librairie Diderich | Librairie Ernster | Librairie Pessoa | Libreria Italiana-Lussemburgo | Luxart | Mireille Weiten-de Waha | Monique Feltgen | Numulis | Philou | Rotondes | Sabrina Kaufmann | Zoé Perrenoud 
 
Um Programm steet awer net just vill neie Liesstoff, ma d’Foire huet och de ganzen Dag iwwer Liesungen, kreativ Workshoppen an och ee Marionetten-Theater ze bidden.

D’Foire gëtt an Zesummenaarbecht mat der Familljekommissioun vun Diddeleng an der Regionaler Bibliothéik organiséiert.
Den Entrée ass gratis. 
 
Méi Detailer zum Kanner- a Jugendbicherdag zu Diddeleng fannt Dir hei.