Mir hunn eis ugekuckt, wat a wéi zu Lëtzebuerg gelies gëtt an ob d'Lëtzebuerger éischter zu de Bicherwierm an der EU gehéieren oder dach éischter manner lies-begeeschtert sinn.

Déi eng déi liese gär, déi aner net. Wéi vill Bicher liest Dir pro Woch, Mount oder Joer? Enger Etüd no liesen 18 Prozent vun de Lëtzebuerger zéng Bicher pro Joer. Ma wéi gesäit et an deenen anere Länner vun der Europäescher Unioun aus? Gëtt do méi oder manner gelies? A gi mir léiwer an eng Librairie e Buch kafen oder et an d'Bibliothéik léinen? Mir sinn all dëse Froen nogaangen a waren erstaunt vum Resultat.