D'Marianne Faithfull ass zu London am Alter vun 78 Joer gestuerwen.

Esou ee Porte-Parole.

Bekannt gi war d'Sängerin a Schauspillerin duerch d'Lidd "As Tears Go By". Dat war 1964 an e Lidd vum Mick Jagger an dem Keith Richards vun de Rolling Stones. Mam Jagger war d'Marianne Faithfull dann och zesummen an de 60er Joren, och bekannt an de Boulevard-Medien duerch hir Drogenexzesser.

RTL

Bis haut huet si awer Placken erausbruecht, och mat Kollaboratioune mam Nick Cave, Lou Reed an anere Rockgréissten.

Am Kino ass d'Grande Dame vum Rock nieft dem Orson Welles, dem Oliver Reed, dem Alain Delon opgetrueden an huet sech 1966 selwer gespillt am Jean-Luc Godard sengem Made in the USA. 2007 hat d'Marianne Faithfull och d'Haaptroll am Film "Irina Palm" vum Sam Gabarski gespillt - eng Lëtzebuerger Co-Produktioun, déi Samsa-Film matproduzéiert huet.  De Film krut och international gutt Kriticken an d’Marianne Faithfull ass dofir och mam Europäesche Filmpräis als bescht Actrice ausgezeechent ginn.

RTL