No "Die Laborantin" vum Ella Roads, inzenéiert de Fábio Godinho elo fir d'zweete Kéier eng Koproduktioun mam Staatstheater Mainz.

"Leuchtfeuer" heescht d'Stéck aus der Fieder vun der irescher Autorin Nancy Harris, dat vum Lëtzebuerger Regisseur als Reflexioun iwwer d'Verhältnis tëscht Konscht an Natur gelies gëtt. E Samschdeg den Owend ass d'Première am Kapuzinertheater.

"Leuchtfeuer" ass e Familljendrama mat ville Schichten. D’Haaptfigur, gespillt vun der Andrea Quirbach, ass d'Molerin Beiv, déi e schwéiert Geheimnis mat sech dréit. Si huet sech op eng kleng iresch Insel an d’Haus vun hirem mysteriéis verstuerwene Mann zeréckgezunn, fir sech ganz deem ze widmen, wat schonn hiert ganzt Liewen op éischter Plaz gestanen huet, der Konscht.

Et geet ëm Léift, Frëndschaft a Sehnsucht, awer och ëm Enttäuschung, Schold a Gewëssensbëss. Den Henner Momann an d’Jil Devresse klammen an d’Rolle vum Bouf Colm a senger neier Fra Bonnie, deenen hire Besuch al Wonnen opräisst. Och den Donal, gespillt vum Philippe Thelen, léisst d'Géigewaart mat der Vergaangenheet verschwammen.

"Ee vun den Haaptpunkten an dësem Stéck ass fir mech och, dass si isoléiert sinn. D'Mier ass iwwerall, d'Natur ass iwwerall an et hëlt och déi Plaz an. Dat gesäit een och an der Zeenografie. Den Dekor kënnt an d'Haus ran, et ass tëscht baussen a bannen", erkläert de Fábio Godinho.

Fir de Public méiglechst no un d’Zeenen an d’Personnagen erun ze huelen, huet de Fábio Godinho immens filmesch geschafft. Dat alles ouni Kamera, dofir awer mat enger realistescher Zeenografie, bestëmmte Luuchtstëmmungen a Musek, déi speziell fir dëst Stéck vun der Komponistin Nigji Sanges kreéiert gouf.

Bis den 8. Februar ass "Leuchtfeuer" am Kapuzinertheater ze gesinn.

Detailer zu de Spillzäiten an Tickete fannt Dir op theatres.lu.