Lëtzebuerger Presenz op zwee vun de wichtegste Festvialle fir duerstellend Konscht

© Kianpour & Partners
Ganzer 7 Theater- an Danzproduktioune wäerten dëse Summer Lëtzebuerg a Frankräich an a Schottland vertrieden.
Edinburgh Festival Fringe
De Fringe Festival zu Edinburgh gehéiert zu deene gréisste Kulturfestivalle vun der Welt. Vun Theater a Comedy iwwer Zirkus an Oper bis hin zum Danz, et ass alles dobäi.
Wéi Kultur | lx an engem Presseschreiwes matdeelt, sti 4 national Danzproduktiounen um Programm vun der mëttlerweil schonn 78. Editioun vum berüümte Festival: "GO!" vum Jennifer Gohier, "In the bushes" vum Léa Tirabasso, "INLET" vum Saeed Hani an "Score" vum Isaiah Wilson.
Tëscht dem 1. an dem 25. August wäerten déi véier Kreatiounen zu Edinburgh ze gesi sinn.
Festival OFF Avignon
Schonn zanter 1947, ginn an der südfranséicher Stad Avignon all Summer Fiktioun a Realitéit matenee verschwamme gelooss. Dat am Kader vum renomméierte Festival vun Avignon, dee nieft dem Edinburgh Fringe Festival als eng vun de wichtegste Plattformen fir zäitgenëssesch duerstellend Konscht gëllt. Nieft deem offizielle Festival, gëtt et zanter 1966 och de Festival OFF, beim deem och eise Grand-Duché an deene leschte Jore gutt vertruede war.
2025 besteet déi Lëtzebuerger Auswiel aus 2 Theaterproduktiounen an 1 Danzkreatioun: "En Quête" vum Fábio Godinho, "Ce que j’ appelle oubli" nom Text vum Laurent Mauvignier, inzenéiert vum Sophie Langevin an "The Great Chevalier" vum M. Chevalier a Simone Mousset.
Vum 5. bis de 26. Juli kann een dës 3 national Projeten um Festival OFF zu Avignon entdecken.
Am Mäerz 2024 hat Kultur | lx d' Ausschreiwung fir dëst Joer lancéiert. Op dësen Opruff hin goufe ganzer 14 Propositioune fir de Festival OFF Avignon an 12 Propositioune fir den Edinburgh Festival Fringe agereecht.
D' Laura Graser (Rotondes), de Mathis Junet (TROIS C-L | Maison pour la danse), d' Christine Keipes (Cube 521), d'Myriam Muller (Théâtre du Centaure) an d' Elsa Rauchs (Independent Little Lies) hunn d' Selektioun vun deene 7 Projete gemaach, déi 2025 déi Lëtzebuerger Danz- an Theaterzeen zu Edinburgh an zu Avignon vertriede wäerten.