Véiermol scho war d'brittesch Band hei zu Lëtzebuerg. Hire fënneften Optrëtt en Donneschdeg den Owend an der Rockhal war gutt, ma leider goufen et e puer Bemollen.

D'Erwaardunge waren natierlech och net grad déi niddregst, nodeems Nothing But Thieves als Headliner um Siren's Call Festival 2022 de Public um Parvis vum Neimënster komplett an hire Bann konnten zéien an e geniale Concert ofgeliwwert hunn, dee wuel jidderengem nach laang an Erënnerung bliwwen ass. D'Virfreed war deemno grouss, fir d'Band ronderëm de Sänger Conor Mason op en Neits live zu Lëtzebuerg ze erliewen.

Kuerz no 9 Auer stoungen déi fënnef Museker op der Bün, ma déi éischt Téin hunn definitiv ze wënschen iwwreg gelooss. Et huet e puer Lidder gebraucht bis de Sound sech verbessert huet an een déi eenzegaarteg a staark Stëmm vum Sänger kloer an däitlech an der Escher Rockhal och héieren a genéisse konnt. No engem éischter enttäuschende Start huet sech de Concert zum Gléck awer amelioréiert. Virun allem bei de méi luese Lidder, wou just akustesch Gittar gespillt gouf oder d'Instrumenter allgemeng manner dominant waren, ass dem Conor Mason seng Stëmm an hirer voller Pracht ze héiere gewiescht. Schued, well och déi méi rockeg an haart Lidder de Public normalerweis matsangen an danze loossen, een awer genee bei deenen Tracks d'Gefill hat, datt Instrumenter a Stëmm Sound-technesch net gutt openeen ofgestëmmt waren.

Annerhallef Stonn laang hunn Nothing But Thieves eng gutt Mëschung aus alen a neie Lidder vun hiren antëscht véier Albume gespillt. Och wann den Toun deelweis einfach ze vill gedämmt war, hat dat zum Gléck net weider en Impakt op d'Energie vun der Band, där een ofgesinn huet, datt se sech richteg ameséiert a goe gelooss huet an de Public bei hire bekanntste Lidder dozou bruecht huet, matzesangen an ze brëllen. E Concert mat puer klengen Enttäuschungen, deen awer trotzdeem ënnerstrach huet, wéi villfälteg an divers d'Musek vun Nothing But Thieves ass a wéi energesch, sympathesch an talentéiert déi fënnef brittesch Museker sinn.