Kulturministère sicht nei Konscht fir seng Sammlung

Symbolbild. / © Image Matheus Viana via Pexels
Fir déi lokal Konschtzeen ze ënnerstëtzen, sicht de Kulturministère wéi all Joers och elo nees no Wierker fir seng Sammlung.
D'Wierker aus der Sammlung gi virun allem fir d'Dekoratioun vu staatlechen Institutiounen, Ministèren a lëtzebuergeschen Ambassadë benotzt, ma kënnen och als sougenannt "Leihgabe" u kulturell Ariichtungen ausgeléint ginn.
Mat der Entwécklung vun der Sammlung géif de Kulturministère ausserdeem probéieren, zu der Siichtbarkeet vun der kënschtlerescher Aarbecht vu Kënschtler an zu der Opwäertung vum kulturellen Ierwe vum Grand-Duché bäizedroen, heescht et e Méindeg am Opruff vum Ministère.
Viséiert sinn "all professionell Konschtgalerien, déi am Beräich vun de visuelle Kënscht aktiv sinn an hire Sëtz am Grand-Duché hunn." D'Kënschtlerin oder de Kënschtler muss iwwerdeems een direkte Lien zu Lëtzebuerg hunn an de Präis vum individuelle Wierk däerf net méi héich wéi 23.000 Euro sinn.