Nieft de Festivalle vu Cannes a Venedeg gehéiert d'Berlinale zu de wichtegsten europäesche Filmfestivallen.

An deem Kader organiséiert déi Lëtzebuergesch Ambassade zu Berlin all Joers e „Lëtzebuerger Owend“. Zil ass et, an entspaanter Atmosphär den Austausch tëschent Acteuren aus der Filmbranche ze fuerderen.

Lëtzebuerg um internationale rouden Teppech op der Berlinale

D‘Actrice Vicky Krieps huet am Film „Hot Milk“ matgespillt, deen dëser Deeg zu Berlin Premiere gefeiert huet. Ma et muss een net onbedéngt en aktuelle Projet um Lafen hunn. „Networking“ ass d‘Stéchwuert an der Lëtzebuergescher Ambassad, dat betount och d'Schauspillerin Marianne Bourg:

„Ech gesi vill Schauspiller hei, déi net onbedéngt selektionéiert sinn, oder e Film hei hunn, mee déi trotzdeem heihinner komme fir sech ze weisen. Fir och mat Leit ze schwätzen, déi se vläicht scho kennen. Oder Kolleege vu Kolleege vu Kolleegen, déi vläicht dann un dech denke fir den nächste Projet.“ 

Als Lëtzebuerger schwätzt een am Normalfall méi wéi eng Sprooch. Am Filmbusiness ass dat, virun allem wann ee Schauspiller ass, en enorme Virdeel, sou d'Eugénie Anselin:

„Et ass wierklech e groussen Atout, dee mir als Lëtzebuerger Schauspiller hunn, dass mir esou séier vun enger Sprooch an déi aner sprange kënnen. Däitsch Regisseuren a Produzente wëssen dat dacks net. A wa si eis da kenneléieren, a mir switchen vun enger Sprooch an déi aner, si si ëmmer iwwerrascht. An herno behale se eis och am Kapp.“

Wann een dem Guy Daleiden gleeft, huet Lëtzebuerg déi beschte Viraussetzunge fir international kënne mat ze spillen.

„Mir hu formidabel Produzente, déi hir Aarbecht kennen. Mir hu super Techniker, op alle Niveauen, déi d‘Filmer droen, an elo ëmmer méi Szenaristen, Realisateuren, a virum allem Acteuren an Actricen. De Lëtzebuerger Film en tant que tel an eis Filmschaffend hunn eng grouss Zukunft viru sech.“ 

D‘Berlinale leeft nach bis dëse Sonnden.