Ëmmer méi ongeléiste Kriminalfäll

An der Serie "Marginal" tauche mir mat Iech an d'Lëtzebuerg vum 20 Joerhonnert an an decke mam Albert Henrotin spannend Kriminalfäll op.
Schrecklech Verbriechen, eng Enquête ënner Drock an eng Justiz am Ëmschwong.
No enger Rei ongeléiste Kriminalfäll, dorënner den Abroch an d'Lokaler vum “Luxemburger Wort” an engem mysteriéise Mord zu Holztem, steet d’Lëtzebuerger Justiz 1902 virun enger grousser Erausfuerderung: Wéi kann ee komplex Verbrieche méi séier opklären?
E Riichter, dee séier Entscheedunge muss kënnen treffen.
Den Untersuchungsriichter Albert Henrotin huet dës Affären zwar alleguerte bis zum Schluss gefouert, mä säi Fazit ass kloer: "Mir mussen eis Strukture moderniséieren." Säi Plang? Eng Kriminal-Brigad opriichten, déi direkt no engem Verbrieche kann agéieren, fir Spuere sécherzestellen, fir op dës Manéier d'Chancë vun enger Opklärung ze erhéijen.
Eng Iddi, déi alles kéint änneren
An den Nopeschlänner ginn et esou Eenheete schonn, mä zu Lëtzebuerg steet d’Reform nach aus. Den Albert Henrotin ass awer iwwerzeegt: "No enger Entrevue mam Procureur Général d’etat, dem honorabele Guillaume Foetz, sinn ech ganz positiv gestëmmt, datt eng Kriminal-Brigad och hei am Land eng Zukunft wäert hunn.”
All Duerf huet seng Geheimnisser – mä e puer si méi däischter wéi anerer.
Erlieft vun en Dënschdeg un spannend Enquêten am Kader vun engem Justizsystem, dee sech nei erfanne muss.
De Rendez-vous ass en Dënscheg op RTL fir eng nei, spannend Kriminalserie.