Nodeems de leschten Album "Martyr" vun der Band ganz gutt bei de Leit ukomm ass, ass déi Lëtzebuerger Formatioun elo bei "Metalville" ënner Vertrag.

Ënnert anerem op Spotify ass den Album vun der Band extrem gutt gelaf, dat virun allem fir eng Lëtzebuerger Metal Band. Verschidde Lidder vum Album hu wäit iwwer 100.000 Ecoute schonn an och am Mount lauschtere ronn 9.000 Leit d'Band op der Plattform. Dobäi kënnt, dass och d'Reviews vum Album gutt ausgefall waren, wat et natierlech méi einfach mécht, e Fouss an e gudde Label ze kréien, sou de Joe Block, de Sänger vu Scarlet Anger.

RTL

Elo huet een also kierzlech beim däitsche Label "Metaville" ënnerschriwwen, e Label dat et zënter 2008 gëtt an op deem och grouss Bands wéi Astral Doors, Sweet oder Ugly Kid Joe hiert doheem fonnt hunn. De Kontrakt vu Scarlet Anger gesäit elo mol eng Album fir 2026 vir, dat mat enger Optioun fir 2 weider Albumen, sollt d'LP d'nächst Joer gutt lafen. Hei wier een iwwregens schonn an der Recording-Phas, also scho matten an der Maach, sou de Joe Block weider.

Dëst ass iwwregens schonn de mëttlerweil 3. Plackevertrag mat engem Label, ma dëst dierft awer definitiv déi gréissten Opportunitéit an deem Kader fir d'Band sinn. Dëst Joer wäert Scarlet Anger dann och op enger ganzer Partie Festivallen a Concerten an Europa spillen, ënnert anerem a Spuenien, der Schwäiz, Éisträich, Groussbritannien an Däitschland.