Hien zielt zu den talentéiertste Rapperen an ass eng vun den Ikone vum Underground Hip-Hop. Op Invitatioun vun "De Läbbel" war den Talib Kweli en Dënschdeg den Owend fir en intime Concert zu Bouneweg an de Rotonden.

Bekannt gouf den Talib Kweli als Co-Grënner vum Duo Black Star, zesumme mam Mos Def. Iwwer 25 Joer méi spéit kann den amerikanesche Rapper nach ëmmer mat sengen engagéierten Texter, sengem Flow, senger Energie a Sympathie iwwerzeegen.

Den Talib Kweli an engem klengen an intime Kader gesinn an héieren - dat wollten net just trei Fans, mee och méi allgemeng Hip-Hop a Rap-Begeeschterter sech net entgoe loossen, dofir war de Concert och ausverkaaft. Am Virprogramm stoungen awer mol virop Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun op der Bün. De Corbi, David Fluit, Rachid Wallas an DJ PC hu fir de "Warm-up" gesuergt an d'Leit an déi richteg Stëmmung versat.

Uschléissend gouf et dunn eng knapp Stonn authenteschen, engagéierten Hip-Hop vum Feinsten.

Trotz jorelaanger Karriär ass de New Yorker Museker Talib Kweli alles, mee net ofgehuewen. Virum Public weist hie sech gewinnt authentesch, sympathesch a no bei de Leit. Net just a senge Lidder, mee och am Echange mam Publikum am Sall vermëttelt hie säin Engagement fir Minoritéiten, seng politesch Vuen a säin Aktivismus.

Net just duerch seng Lidder hat een d'Gefill zréck an d'90er versat ze sinn, och d'Videoclippen aus Zäite vun MTV a Co. hunn dee "Vibe" ënnerstrach. Eng gewëssen Nostalgie ass do sécherlech bei deem een oder aneren net ausbliwwen.

RTL

© Gilles Kayser