Andréck vum Public Viewing vu "Marginal" an der Scheier zu Randschelt
Um Dënschdeg den Owend war et zu Randschelt an der gehëtzter Scheier vum Musée Thillenvogtei de Public Viewing vu "Marginal".
Vill Leit hate sech do zesummefonnt, fir déi nei Serie kollektiv ze entdecken.
Déi éischt Episod gouf en Dënschdeg den Owend um 20 Auer op RTL diffuséiert an ass och als Stream op RTL Play mat engleschen a franséischen Ënnertitel disponibel.
Wat ass "Marginal"?
Marginal begleet de Procureur Albert Henrotin a säi jonke Brigadier Léon Clemens, wärend si sech a spannend Enquêtë stierzen. An all Episod taucht Dir an e mysteriéist Verbriechen an - vum Tatort bis zum Prozess - mat moraleschen Dilemmaen, déi d'Justiz erausfuerderen.
Marginal baséiert op reale Virfäll an erzielt d'Geschichte vu véier lëtzebuergesche Kriminalfäll, déi an d'Geschicht vun der Justiz agoe wäerten.

"Marginal" ass awer och ee Spill fir matzemaachen an eppes ze gewannen!
D'Spill fänkt un, andeems Dir e Bild aus der neier Serie Marginal gewise kritt. An dem Bild si 4 Indice verstoppt, déi Dir hannertenee fanne musst. Nodeems Dir den éischten Indice fonnt hutt, muss Dir den nächste fannen an dat esoulaang bis Dir se alleguerte fonnt hutt.
Mä opgepasst, et sinn net nëmmen d'Indicen déi zielen, et ass nämlech och d'Zäit, déi gezielt gëtt.
Ënnert all de Leit déi, déi 4 Indicen an der bescht méiglecher Zäit fonnt hunn, gëtt dat neit Gesellschaftsspill "Mord am Ministère" verloust!