Déi amerikanesch Soul-Sängerin Angie Stone ass am Alter vun 63 Joer bei engem Accident gestuerwen.

Dat mellen US-Medien a beruffe sech op d’Agentin vun der Sängerin. D’Accident wier geschitt, wéi d’Stone an der Nuecht op e Samschde vun Alabama aus op e Basketstournoi zu Baltimore ënnerwee war. Si soll an engem Mini-Bus ënnerwee gewiescht sinn, zesumme mat aacht anere Persounen.
 
D’Stone kënnt aus Columbia am US-Bundesstaat South Carolina an huet hir musikalesch Karriär um Enn vun den 1970er Joren ugefaangen als Member vun der HipHop-Grupp "The Sequence". Méi spéit war si als Solo-Kënschtlerin ënnerwee. 2001 huet d’New York Times si als "Kinnigin vum Soul" bezeechent. Si war dräimol fir e Grammy nominéiert. Hire leschten Album koum 2023 eraus.